flott freigestallt, gefällt och gudd mat deenen puer Schneiflacken, just schuued, dass en an dei aaner Richtung geflunn ass ... mä ech mengen daat ass allgemeng zimlecht scheit Fiedervollek
Soll ech dir mol eppes soen: ech si joerelaang an de Mensder Brill gaangen, sou wéi ech dat iwwregens och fir di heite Foto w?lles hat, mais, wéi ech du g?schter, den 8. Januar 2024, uewen am Agang vu Rued-Syr rechts an d'Industrie- a Gesch?ftszon ofgebéit sin, do hun ech op engem Schëld "MensTer" gelies, an nit "MensDer", an do hun ech geduecht, wa P&Ch dee lëtzebuergeschen Numm vun deem Duerf mat "T" schreiwen, da wärt dat wuel sou richteg sin. Lo sin ech gespaant, wat s du dozou sees. Klär méch op, wann ech gelifft! Ech wëll dat gäre richteg wëssen. Ech ka mir awer schon d?ng ?ntwert virstellen: Menster g?tt matt "T" geschriwwen.
Wat och gutt sou ass. Souwisou ass di lëtzebuergesch Orthograff ee Buch mat siwwe (siiwe, siwe) Sijelen (Sigelen). Wéini ee Wuert da lo -d- oder -t- kritt, dat ass jo och nit evident. Eleng d'Adjektiv "gutt" ass do ee gutt Beispill: Ech wënschen dir ee guDDen Appetit an eng guTT Nuecht. Wat jo phonetesch korrekt ass. Mais firwat kréie mir da regelméisseg eng Zeitung an eis Boîte vun héichoffizieller Instanz, déi "GuDD" heescht? An dann de Comble (Kombel): Däin Nopeschduerf Rued... Wat legitiméiert do den D? Géing Ruet nit och do goen?
Trotz der Fluchrichtung intressant am Profil erwescht, ...en plus gefalen déi filigran Schnéiflacken déi d'Impressioun vun der Joreszäit ënnersträichen.
Gefällt Nico.