Majo Nico, de Kleeschen huet dech jo schéi verwinnt, ech mengen allerdëngs dass en dech och e bëssen verwirrt huet, soss wär der opgefall dass déi Nikon rangefinder eng Kopie vun der Zeiss Ikon Contax II oder IIa ass, grad esou wéi déi sowjetesch Kiev II an IIa.
D'Canon rangefinders. aus der Zäit waren éischter Leica inspiréiert, kuck emol hei... https://www.canonrangefinder.org/
Ech hun irgendwou gelies, Nikon hätt laang gebraucht, fir eng rangefinder Kamera ze bauen, awer dunn hätten se direkt eng gebaut, déi séngerzäit besser, wéi di Leica M3 gewiescht wier, Sou war méng Remarque gemengt. Bon, ob et sou war, dat kann ech nit soen, an am Internet steet vill, wann den Daag laang ass.
Dann ass déng Saach awer och gudd gaangen! Ech hat mol virun ongeféier 25 Joer eng Mamyia 67 fir 14 Deeg geléint kritt. Ech kann dir soen: wann ech deemols d'Sue gehat hät, ech hätt déi direkt ofkaaft.
Vill Spaass domadder an da weis du eis awer och déng éischt Biller domatt gell?
Déi ass jo wéi nei aus dem Buttek, huet de Kleeschen dëst Joer Ladenhüter verdeelt? Bei dësen Zäiten och kee Wonner, hien huet d'Telleren awer schéin arrangéiert fir d'Foto. Wëschen dir vill Spaass domat.
Ech hu lo een éischte Film domadder verknipst a schécken dee lo an den Hiirterchesbësch... Ech muss méch zwar nach dru gewinne, fir mat deenen iwwerlappende Biller am Sucher de Schärftepunkt genee ze gesin. Et wier lo un der Zäit, endléch een RdV bei der Aaendoktesch ze froen, fir een neie Bréil, deem séng Dioptrien u mäin Aa ugepasst sin.
Et ass guer net esou evident als Brëllendréier mam Messucher, en aanere Brëll kann do Wonner wierken, oder eventuell den normale Br?ll fir de Bildausschn?tt an dono de Liesbr?ll fir schaarf ze stellen