Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Kleng Welt -1-

All Fotoen an dëser Serie:
47792 Thumbnail
47793 Thumbnail
47794 Thumbnail
47795 Thumbnail
47796 Thumbnail
Kleng Welt -1-
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.07.2022
  • Gekuckt:
    10661
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    10
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Makro  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92122]
Kommentar vum Fotograf:
Et muss ee just nogenuch rugoen.

tormi 01.07.2022 - 17:18
Dei hues du gudd erwescht, herrlech Schärft..

..Haut och Makro probeiert just bei mier hued leider net vill geklappt, eng Harespel haat sech mier erbarmt an ass een Moment roueg setzen bliwwen ...

Leider geseit een keng Detailinfos vun den Fotoen. Kanns de mier do e bessi veroden w.e.g?
Nicon07 02.07.2022 - 08:37
Detailinfos kommen och nach, Tom. Ech muss awer dofir Recherche maachen. Ech maachen zwar vill a gäre Macrophotoe vun Insekten, awer ech kennen net vill vun deem Gefleuch.
tormi 02.07.2022 - 09:38
Insekten, eng geheinissvoll Welt, ech sin alt emmer frouh wann ech eng Gattung kann anuerdnen. Nee eigentlech wollt ech e bessi hannert den "making of" luussen. Verschlusszeiten an esou weider closed_eye
Wei schon gesoot probeieren ech mech och am Makro, fonktioneiert awer just ganz iwwersiichtlech closed_eye
Nicon07 02.07.2022 - 11:35
Do kann ech dir gären hëllefen, dat ass nit sou schwéier. Mais do loossen ech zwar ganz vill méng Boîtiers gewärden. Ech kucke, fir ee gudde Kompromëss ze fannen tëscht Zäit, wou een net zevill verwackelt (passiv an aktiv) an der Déifteschärft. Ënner Blend 8 leeft do nit vill, wanns du net grad ee minimalistesche plan de netteté wëlls hun. An och dat ass nach laang nit genuch. Ideal ass et, wann ee ka 16, 22 oder 32 (bei Macroobjektiver geet dat) hu, woubei f:32 schon ze vill Beugungsunschärfe huet. Dat heescht: voll Sonn. Oder ISO 800. Mais da rauscht et schon. Virun allem muss du kucke, wanns du ouni Stativ schaffe wëlls, datt s du nit nëmme wackels, mais och nit hun an hier gees. Een Zentimeter ass schon zevill. Gott sei Dank huet ee keng Verloschter mat den digitalen Apparater, a wann dann eng onscharf dobei ass, dann ass näischt geschitt.
tormi 02.07.2022 - 11:58
Merci, da bleiwt mier elo nach üben üben üben %uD83D%uDE0A
Nicon07 02.07.2022 - 12:43
Vill Spaass! Dat geet schon!
gemu 02.07.2022 - 09:08
De piqué um Titelbild ass grandios closed_eye Top Serie Nico
Nicon07 02.07.2022 - 20:45
Merci, Georges.
marker 18.07.2022 - 12:22
Eng kleng Welt fir séch, wou séch praktesch och bei jidderengem deen e Blummegaart huet ofspillt, ..et muss ee sech just Zäit huelen an d'Motiver entdecken sou wéi's du, waat's du hei an och denger zweeter Serie grandios ënner Beweis stells.
Exzellent gemach Nico!
Nicon07 18.07.2022 - 13:10
Eeen décken duebele Merci, Marc. Hei war ech zwar lo um Flouer (Autopédestre Bauschelt), mais an eisem "Dschungel" (sou huet mol eng Kéier een Invité eise Gaard genannt, well do steril Grasfläche just eng Portion congrue anhuelen) ass nawell dees Gefleuch och zimmléch vill ënnerwee.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 282 Gäscht online