Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Kiermes wéi Fréier II

All Fotoen an dëser Serie:
47722 Thumbnail
47723 Thumbnail
47724 Thumbnail
47725 Thumbnail
47726 Thumbnail
Kiermes wéi Fréier II
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.06.2022
  • Gekuckt:
    13992
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    4
  • Originaldatum:
    2022
  • Fotoapparat:
    Leica M10 Monochrom
  • Objektiv:
    Leica Summicron 35mm f/2.0 (IV 1979-1990)
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street
2. Kategorie: Events »» Misc
Extras:
Orange Filter

Fir anzesetzen: [pg_img=92071]
Kommentar vum Fotograf:
B&W edition
tormi 11.06.2022 - 10:07
Hello,

fier mech ass dei 3. den Haaptgucker. Just dass deen Gärtchen mech liicht irriteiert well en net wierklech zu der Situatioun passt. Zumindest misst deen net onbedengt sin. Lo dann och eng Fro dozou: wier et meiglech gewiecht dei Foto esou ze huelen, dass de dech virun deen Gärtchen gestallt häss an trotzdem dei Subjekter dei een geseit drop sin? Wier dann dei Kiermesstemmeung mat den Leit, dei dann besser ze erkennen wieren net e bessi mei ennerstrach gin?

Ok, et sin zwou Froen ... ech kennen deen Apparat deen hei benotzt gouf och net. Et soll och net als Kritik zielen, et ass pueren Fierwetz.

PS den Knilch ennen lenks am Bild ass natiirlech Top
gemu 11.06.2022 - 11:51
Merci Tom fir däin interessante Kommentar. Jo effektiv di 3, ass eigentlech d'Haaptfoto, mee wëll ech schon eng ähnlech vue geholl haat fir main post "Virun 100 Joer" wou ech iwriens den Zonk vum Gärtechen pingelech am PS eweg gestempel hun, wollt ech eigentlech di selwecht vue net nach eng Kéier huelen als Titelbild.

Well ech exclusiv mat Festbrennwäite schaffen - hei 35mm - nom Prinzip one cam one lens konnt ech mech net virun de Gärtche stellen, ech hätt näischt a kee Bildopbau hikrit.

Ech sin och ganz bewosst op Distanz bliwen a passen ëmmer aus dateschutzrechtleche Grënn drop op dat wann, wéi hei Leit drop sin - a bei enger Kiermes mussen drop sin - (soss ass keng Stëmmung do), een se net kann erëmerkennen. Daat ass oft wéi hei extreem schwiereg a gelengt mer leider net ëmmer zu 100 Prozent, mee ech mache mäi bescht an däer Hinsicht.

De "Knilch" natierlech ass mer hei ganz gënschteg komm 1) well en net an d'Kamera kuckt an net ze erkennen ass an 2) hien an d'Bild erakuckt an esou de Wee op mecht dir d'Bidféierung.
tormi 12.06.2022 - 10:18
merci fier deng Äntwert,

ech verstin sämtlech Problematiken. Just mam Datenschutz, din ech mech emmer schweier. Ech hun mier do esou eng Regel ageriicht dei seet, dass waat ech mei weit ewech vun Doheem, Letzebuerg, sin waat ech d'Leit mei genau weisen. Ass net richteg mä bon, ech stellen jo keen blouss.

Profiteieren vum gudden Wieder am vum leschten Daag fier dei Kiermes och mol Live an faarweg ze gesin an wien wees vleicht kennt eppes s/w dobei eraus.




gemu 12.06.2022 - 12:31
Ech di mech och ganz schwéier mam Dateschmutz, eigentlech d'Fotografen alleguer. Do hu se ferem iwer Ziel erausgeschoss. Mee bon et muss een nun mol domat liewen a versichen de goldene Mëttelwee ze fannen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 266 Gäscht online