Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Nowues bei Pentaxen

 
All Fotoen an dëser Serie:
47538 Thumbnail
47539 Thumbnail
47540 Thumbnail
Nowues bei Pentaxen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.04.2022
  • Gekuckt:
    12817
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    4
  • Originaldatum:
    04.04.2022
  • Fotoapparat:
    Pentax S2
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91949]
Kommentar vum Fotograf:
Gëschter huet de Kuréierdingscht mir zwee nei Objektiver fir op méng Pentax Spotmatic S2 bruecht an ech hun déi och direkt missen teste fueren.
A lo kënnt et! Vu kenger "Sachkenntnis getrübt" hun ech een Agfa Copex 50 an den Apparat gemaach ouni ze wëssen, datt een dee Film eigentléch just mat engem Entwéckler vun der Marque "Spur" serieux kan entwéckelen. Op alle Fall hat ech keng Zäite fir déi Entwéckler, déi ech am Keller stoen hun. Vu datt ech awer net wirkléch Loscht hat, dee Film professionell entwéckelen ze loossen (sou vill hat ech méch lo net ugestrengt, fir flott Motiver ze hun), do hun ech et einfach drop ukomme gelooss an an d'Blannt ran experimentéiert. Ech hat nach ee rescht D-96 do stoen, knapps 60ml, deen hun ech du mat Waasser bis op 500 ml opgefëllt hun an dunn no gefill 10 Minutten plus minus entwéckelt hun. D'resultat ass duerchwues, mais et sin awer e puer Fotoen eppes gin.

Foto 1 ass mam 24mm gemaach a Foto 2 mam 35mm.
gemu 06.04.2022 - 08:17
All Respekt, avec les moyens du bord hues du et nees fäerdeg bruecht fir e Resultat ze kréien. Et ass zwar wéis du et schreiws duerchwuessen, mee du hues ëtonguepes an der Hand fir ze kucken an ze weise. Et ass just schued dat d'Resultat lo keng richteg Réckschlëss iwer d'Quali vun de Objektiver ausseet déis du eigentlech wolls testen. Di 2. Foto fannen ech vun der Bildgestaltung interessant an de look ass speziell vintage, ech géing mer awer do bessi méi schaerft wënschen, mee bon du hues daat bescht draus gemach, ech wees net waat an der Eifel domat geschit wier closed_eye
Nicon07 06.04.2022 - 20:15
Merci, Georges. Mat ménger "?a passe ou ça casse"-Attitude hun ech schon dacks méi wi Chance gehat. Hei war et net grad sou richteg erfollegräich. Bis eben ob di 2 Fotoen hei. Ok, et sin der am Ganze 5/35, déi gutt genuch si, fir d'Quali vun den Objektiver ze jugéieren. Op alle Fall schingen di Schierbelen fir heren Alter zimmléch performant. Ech fannen, datt d'Distortioun beim 24mm net sou krass ass, wéi bei méngen neie Zoomer. An de Vignettage ass och diskret. Lo hun ech mol ee Kodak Color 200 dran. Do gesi mir da, wat d'24mm wirklch kann.

Iwwregens ass de 35mm 1963 fir d'?ischt op de maart komm (also huet dat m?in Alter smile ), an de 24mm ass 1971 fir d'?ischt gemaach gin.
gemu 07.04.2022 - 10:55
Am Géigensaatz zu eis hëlt Distorsion bei den aale Schiebelen net mam Alter zou unhappy
Nicon07 07.04.2022 - 11:59
Oder sou! bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 419 Gäscht online