Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Molberlee

 
All Fotoen an dëser Serie:
47462 Thumbnail
47463 Thumbnail
47464 Thumbnail
Molberlee
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.02.2022
  • Gekuckt:
    12421
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Originaldatum:
    30.01.2022
  • Fotoapparat:
    Rolleiflex
  • Objektiv:
    Carl Zeiss Planar 1:1,8 80mm
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
Film: Cinestill DoubleX 250

Entwéckler: Bellini D96

Fir anzesetzen: [pg_img=91831]
Kommentar vum Fotograf:
Souzesoe méng Lieblingsplaz am Land ass d'Molberlee bei Houschent fir rof an den Dall vun der Schlënner. Ech verlaangere richteg no dàr Plaz, wann ech eng Zäitchen nit dohinner war. Läschte Sonndeg war et dann endléch neess sou wäit. D'Wieder huet matgespillt an du war d'Entscheedung séier getraff. Den Auto op Houschent an dann den AP vun Houschent rof an d'Ënnerschlënner an dann de Wee fir an d'Uewerschlënner gange bis bei de Fouss vun der Molberlee an erop! Ech hat déi Kéier méng Rolleiflex 6X6 mam Zeiss Planar 1:1,8 80mm an engem Cinestill DoubleX 250 dran, deen ech op 200 ISO beliicht hun an duerno mam Bellini D96 entwéckelt hun.
wuff 01.02.2022 - 18:50
Do wollt ech och nach emmer eng Kéier hin. Flott Serie
Nicon07 01.02.2022 - 19:05
Op wat wards du dann? Vu Munneref oder Ëmgéigend bis dohinner gëtt et Autobunn a Schnellstrooss. Eng gudd Stonn bis annerhallef, a scho bass du do.
tormi 01.02.2022 - 19:24
chic Serie! Mech faszineiert allerdengs och emmer nees mat waat fier Aparater dier ennerwee sidd!!
Nicon07 01.02.2022 - 20:28
Dat ass jo grad dat Flott bei der analoger Knipserei. All Apparat huet séng Spezifizéit a säi Reiz.
Paul-H 01.02.2022 - 19:32
Schéin Serie Nico, mir gefällt déi éscht am beschten.
Nicon07 01.02.2022 - 20:27
Merci, Paul.
gemu 05.02.2022 - 20:49
Bei der 1. kënnt d'Steigung esou richteg eriwer, all Respekt fir den Exploit ënnerwée an dono am Labo
Nicon07 05.02.2022 - 21:19
Och hei soen ech een décke Merci fir de Luef.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 454 Gäscht online