Ganz speziell. Ass dat eng Duebelbeliichtung oder neess den Effekt, vum Kippe vum Apparat iwwert dem Beliichte vum Sensor?
Et gesäit aus, wéi wann een duerch eng Duebelverglasung oder ee Glasbuedem géing kucken. Irgendwéi huet di Foto eppes Magesches, wat unzitt. Mir gefällt sou eppes.
Merci, ech sen frou dass se gefällt.
Et war tatsächlech den Effet mat der laanger Belichtung an dem kippen während der Opnaam. Et gin der vill bei mir an Poubelle bei där Technik mee aanerer sin awer ze gebrauchen.
Ech stelle mir da lo mol net vir, wéi dat wier, wa mir net vun der "Onendléchkeet" vun der digitaler Fotografie kéinte profitéiere, fir ze experimentéieren.