Fir datts du dee « just » erwëscht hues, ass déng Reaktioun an déi vum AF vun der 850 awer scho super. Mais bon, ech kennen di dote Situatioune jo och, wann ech mol mat ménger 500 an dem 200-500mm um Tour sin.
Ech muss soen, datt mir di Foto, wann ee se am Grousse kuckt, immens gutt gefällt. All di Detailer an der Zeechnung vun de Plommen an di aerodynamesch Form vum Vull, dee séch wéinst dem Bokeh propper vum HG lassléist, si richteg flott ze kucken.
Merci vir däin Kommentar, an esou ass een mat enger Z x an esou
Situatiounen schlecht drun, do muss mol als éischt ganz Elektronik erwächen, dann ass et meeschtens zespéit.
An dee liichte Boîtier vun den Zx mécht trotz, Adapterlëns kee Géigegewiicht aus géint dee schwéiere Rouer an da cadréiert een och nach wackeleg. En plus hun ech léiwer de 500 mat 11 fps an dem crop-Facteur. Mam 60-600mm vu Sigma huet een do fir bëlleg Suen een trotz allem akzeptabelen 900mm, dat ass schon net vun der Hand ze weisen.