Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Char à voile

 
Char à voile
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.09.2021
  • Gekuckt:
    19067
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x979
  • Späicherplaz:
    655 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Pentax 6X7
  • Programm:
  • Objektiv:
    SMC Pentax 1:4 55mm
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel
2. Kategorie: Natur »» Landschaften
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91588]
Kommentar vum Fotograf:
Op der Plage du Dossen e puer Kilometer westléch vu Roscoff ass eng Surfschoul an och eng Schoul fir Strandbuggies mat Segel. Wann do Ebbe ass, da geet d'Waasser méi wi een halwe kilometer zréck an dann huet ee masseg Plaz, fir ëmweltfrëndléche Rennsport. Deen eenzegen CO2 Ausstouss kënnt vun de Leit, déi op deenen Festlandsegelbooter fueren. An déi, di hei ënnerwee waren, waren nach net ganz aal.


Analogfoto mat der Pentax 67 op Kodak Portra 400
wuff 27.09.2021 - 20:35
Mir gefällt hei den Sand am Viirgrond, Hues de do en Bletz geholl? Get der Foto en speziellen Touch.
Nicon07 27.09.2021 - 20:48
Ee Blëtz, nö! Deen Daag war do, wéi iwwregens quasi all Daag, wou mir do waren, ëmmer sou ee va-et-vient tëscht Wolleken a Sonn, sou datt een do just huet misse warde, fir sou Spotlights ze hun.

Sou eng Pentax Mëttelformatkamera ass scho Laascht genuch, do maachen ech dann net och nach ee Blëtz drop, deen ech misst manuell astelle, fir ze doséieren. smile

merci, Mike, fir de Kommentar.
marker 28.09.2021 - 08:43
Gudde Bildopbau, de Virgrond mécht d'Bild intressant fannen ech, an déi liicht verhalen Faarwen vum Portra droen hiren Deel zur Atmosphär hei bäi!
Nicon07 28.09.2021 - 21:50
Dat hun ech zwar lo net sou gesi, wéi ech fotograféiert hun, an et ass éischter dem 55 mm Wäitwénkel (35mm KB) geschëllt, datt sou vill Plage drop ass. Mais ech muss di awer recht gin.
gemu 28.09.2021 - 10:41
De char à voile fënnt een meeschtens nëmmen op enger Plage déi déif genug ass fir dee Sport. An deem Sënn fannen ech den "eidelen" Vierdergronn ganz gut gewielt a mat der Stuktur am Sand souwisou. Gefällt, Nico
Nicon07 28.09.2021 - 21:48
Merci, Georges, fir déng Analyse.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
2 Benotzer an 409 Gäscht online