Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Megadiversitéit am Ecuador

 
All Fotoen an dëser Serie:
47358 Thumbnail
47359 Thumbnail
47360 Thumbnail
47361 Thumbnail
47362 Thumbnail
Megadiversitéit am Ecuador
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.08.2021
  • Gekuckt:
    21238
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    4
  • Originaldatum:
    2021
  • Fotoapparat:
    OLYMPUS Tough TG-6
  • Objektiv:
    OLYMPUS LG-1 LED Macro Ring Light
Kategorie: Natur »» Makro
2. Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
Extras:
Vill Gedold!

Fir anzesetzen: [pg_img=91497]
Kommentar vum Fotograf:
Ecuador ass dat Land mat der gréissten Aartevillfalt pro km2 op der Äerd. An och meng nei Heemecht säit iwwer 2 Joer. All Dag gesinn ech déi schéinsten Insekten, déi een sech virstellen kann.
Nicon07 11.08.2021 - 09:48
Mir hun zwar och flott Päiperlécken hei, mais géint di doten gesin eis blatzeg aus. Merci, datts du iwwer de Wee vu PG eis schéin Naturfotoen aus dénger Walheemécht weis. Ech si gespaant ob weider Fotoe vun der Biodiversitéit "op der aanerer Säit vun der Welt".
Waorani 11.08.2021 - 18:33
Villmools Merci!

Ech fannen all Päiperléck schéin, iwwerhaapt och all Nachtfalter an all Insekt aus dem Uerder Lepidoptera. Hei am Ecuador hu mer natierlech Honnertdausenden vun verschiddenen Spezies vun Lepidoptera, wärend et der zu Lëtzebuerg net ganz vill sinn, mee am allgemengen sinn et meng Liblingsinsekten.

Di eicht Foto weist Uranophora splendida, en Nachtfalter deen awer am Dag aktiv ass. (https://www.biofaces.com/specie/19480/uranophora-splendida/)

Di drëtt Foto weist Mesosemia loruhama, en scheinen Päiperléck. (https://www.learnaboutbutterflies.com/Andes - Mesosemia loruhama.htm)

An di Fënneft Foto ass en Rhetus periander, een vu mengen Liblings-Pimpampelen. Deen war mer direkt an d'Haus geflattert an hat sech op meng Hand gesat! (https://www.learnaboutbutterflies.com/Amazon - Rhetus periander.htm)

Mat beschte Gréiss aus dem Ecuador

David
marker 14.08.2021 - 09:09
Flott gewise Serie mat staarken an intensive Faarwen, a virun allem och opschlossräich Zousatzinfoen.
Waorani 14.08.2021 - 20:50
Villmools Merci marker! Iwwregens, déi zweet Foto weist eng Päerdsréck aus der Famill Tabanidae, dat deet gutt wei wann déi een picken. Weieng Gattung oder Spezies dat ass weess ech awer net, bei Mécken ass dat schwéier. An déi véiert Foto weist eng Libell aus dem Amazonasgebitt, Hetaerina occisa.

Léiw Gréiss aus dem Amazonas,

David

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 418 Gäscht online