Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

D'Puert zum Breedewee

 
D'Puert zum Breedewee
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.09.2020
  • Gekuckt:
    31376
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    789x1200
  • Späicherplaz:
    505 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon F6
  • Programm:
  • Objektiv:
    AF-S 50mm 1:1,4G
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=90803]
Kommentar vum Fotograf:
analog
Ilford delta 100
Paul-H 04.09.2020 - 10:58
Sonn a Schied, emmer rem eng Erausfuerderung.
Nicon07 04.09.2020 - 11:40
Besonnesch analog! smile

Mais Gott sei Dank hun d'Negativer genuch Informatioune, fir datt een se am Lightroom ka wéi digital RAWs verschaffen an nobeliichten.

merci fir däi Kommentar.
marker 05.09.2020 - 10:47
E flotte Wiessel vu Liicht a Schiet an der Gässel, gutt ausgeglach, näicht ze vill an näischt ze wéineg. D'Zesummespill vun den helle Fassaden an deenen eppes méi transparente Schieter vermëttelt esou ee scheinen Summerdaag.
Nicon07 05.09.2020 - 17:16
Merci fir déng Analyse, Marc.
Jean-Jos 06.09.2020 - 14:08
Ech hun hei e bësse Problemer mat der Schäerft déi plusminus am 1. Fënneftel riets läit. Ansonsten klassësch a ganz gutt mat de Schieter an awer douce.
Nicon07 07.09.2020 - 13:13
Wann ech genee hikucken, dann hues du Recht mat der Schärft, och wan d'Onschärft minimal ass. Ech ka mir dat awer net erkläre, wou dat hier kënnt, well d'F6 huet ee klassescht 11 Sensor-AF-Feld, wat eigentléch och am Héichformat beim automateschen AF-Felduwielen d'Schärft hätt missen op d'Koppel am Wee leeën. Kéint et sin, datt de Film met plan am Scannerfach louch? Wann ech nämléch den 10X15 Ausdrock vum Labo kucken, do schingt awer alles scharf ze sin...

Ech weess et nët. Wien huet schon ähnléch Erfarunge beim Scanne gemaach?
gemu 08.09.2020 - 17:30
Ech haat esou e Problem mat menger Canon Eos 33 analog. Feelfocus mat mengem Canon 24-105 f/4 op engem ganze Film. Komescherweis haat ech mat dem selwechten Objectiv ni e Felfocus mat der Canon 5D Mark II digital. Ech hun dun en 28-135 f/3.5-5,6 op d'Canon Eos 33 analog monteiert an zenter hier ni méi e Feelfocus. Als Beispill dës Foto vun der 5519 wou de Focus op der Schr?ft SAR PRENZ léit amplaz op de Machinisten. Probéier mol en anert Objektiv, awer fir d'1. frësche scan machen.

https://www.fotocommunity.de/photo/son-altesse-royale-prenz-guillaume-cfl-551-georgemu/42511847
Nicon07 08.09.2020 - 19:27
Ma da misst dee Problem jo awer op all Foto opgetruede sin, wat awer, wann ech et sou op den 1. Bléck gesin, net de Fall ass. Mais bon, ech wiesselen awer d'Objektiv fir ze kucken. Merci fir den Tipp.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 261 Gäscht online