Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Op eege Risiko a Geforen

 
Op eege Risiko a Geforen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.08.2020
  • Gekuckt:
    27086
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    1500x1000
  • Späicherplaz:
    1338 KB
  • Originaldatum:
    2020:08:14 13:53:40
  • Fotoapparat:
    NIKON Z 7
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=90762]
Kommentar vum Fotograf:
Mäi Matthieu (17) huet och de Bléck fir déi alldeegléch kleng Absurditéite schon drop! (Hien huet nämléch di Foto hei gemaach, well ech mat der F6 analog um Tour war.

Am Wanter ass dat Schëld hei natiirléch nëtzléch, awer elo an der "Canicule" ass et dach scho e bësse komesch, wann een sou eppes liest.
gemu 15.08.2020 - 23:32
Aha, da sin ech lo gespaant, an du bestëmmt och. Ech hoffen du hues de Film vollkritt a muss net op d'Biller warden bis de Streedengscht passéiert ass. closed_eye
Nicon07 16.08.2020 - 10:23
De Film ass voll, mais well ech nach ni a méngem Liewe selwer ee Film entwéckelt hun, hun ech en an een Entwécklungsland (Belsch) schécke gelooss, an déi brauchen 10 Deeg, fir dat ze maachen. Dofir wärt et réischt Ugangs September gi, wann ech hei kann d'Resultater weisen.
gemu 16.08.2020 - 10:44
Vergiess awer den DEE Formulaire dobäi ze léen fir an d'Belsch soss geet de Film mol fir d'éischt a quatorzaine, zemols wa Persounen drop sin. closed_eye
Nicon07 16.08.2020 - 11:01
Dofir ass et awer elo ze spéid, well de Film ass e Freidig beim Fotobuttik vu méngem Vertrauen ofgi gin.
gemu 16.08.2020 - 11:02
Majo dann... à tes risques et périls closed_eye
Nicon07 16.08.2020 - 11:09
Tjo, ech muss mir awer eng afaale loosse, wéi ech méng Fotoen da méi séier a méi prséinléch entwéckele loossen. Entweder gin ech méch awer drun mat ménge 57 Lenzen, dach nach Chimiecocktailer ze mëschen (leider ass deen eenzeche Raum an eisem haus, wou et ganz däischter ass, de Wäikeller) oder ech muss mir een aaneren Entwéckler sichen, deen nach am Land ass an dat iwwer Nuecht mécht. (Dee vu Mamer ass jo leider nët méi ënnert eis)
gemu 16.08.2020 - 11:17
Et geet och ouni, mee mäin choix wier de Wäikeller do hues de Chimikalien direkt bei Hand closed_eye

https://www.fotoimpex.de/shop/filme/paterson-wechselsack-gross-700x700-cm.html
Nicon07 16.08.2020 - 11:27
Sou ee Sak kennen ech, awer ech weess net, ob ech do sou fangerfärdeg si, fir do ee Film aus sénger Patroun rauszehuelen a richteg an d'Dëtonguepen agespaant kréien. Do misst ech dann awer schon ee Film affere fir dat ze üben. Merci awer fir de Link.

Ech hun och scho vun engem system, dee séch Lab-Box nennt, héieren an och Tutorials dozou op i-net gekuckt, mais och do sin d'Kritiken net grad flatteuses, an et ass en plus deier.
gemu 16.08.2020 - 11:33
Ech selwer entwëckelen och keng Filmer mee am Wäinkeller gin ech eens closed_eye
Nicon07 16.08.2020 - 12:04
Dat ass awer net vill aanescht wéi beim Entwéckelen: fir d'éischt dat Chemescht bis séch eppes um "Support" entwéckelt huet, dann de Stop-bad (wat deemno wéi méi schwiereg ass fir ze applizéieren...) an dann den Daach duerno ee Waasserbad an zu gudder läscht. warde bis een neess dréchen ass. bigsmile
Nicon07 17.08.2020 - 13:52
Do wier awer dann d'Kiche mam Kaffeevollautomat (Espressomaschinn) méi ubruecht, well ee jo anscheinend mat Kaffi entwéckele kann. Datt dat mat Wài soll goen, hun ech elo nach néierens héieren, an iwwerhaapt: Wäin ass vill ze schued fir sou eppes... bigsmile
gemu 17.08.2020 - 14:31
Em Gotteswëllen, ech géing dach ni e Film an de Wäin zappen, eng Doudsënn, deen ass wichteg fir dem Operateur seng Inspiratioun dat beim Entwécklen näischt schief get closed_eye
Nicon07 17.08.2020 - 14:57
closed_eye bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 317 Gäscht online