Interessant Exifs! Wat huet déch dozou bewegt, fir hei mat Opeblend ze spillen? Wolls du domadder deen Effekt vun der liichter Iwwerbeliichtung kréien oder eng liicht Onschärft, fir sou eng Zort Softfiltereffekt ze kréien? Op alle Fall gefällt mir d'Resultat immens gudd. Ausser, du häss mat engem Filter à la Silver Effex nogehollef, fannen ech, datt di Foto hei richteg "analog" riwwer kënnt.
Normalerweis verschaffen ech meng sw am Silvereffex, ausser bei der Leica M9 do kann een d'Jpeg am SW och esou gebrauchen, mee ech haat hei leider keng JPEG am SW gemach. (Muss een virdrun astellen net wéi bei Fuji wou een d'Raw kann an der Cam nodréiglech ëmwandelen a di verschidden Filmsimulatiounen.) Ech huelen beim 35er Summicron ganz oft d'Blend 2 fir d'Onschäerft am HG, a Kombinatioun mat der M9 (Kodak CCD Sensor 18 MP) kréien dann schon domat de gewollten analogen Filmeffekt.
Ass dat nët e bësse shizophren sur les bords vu Leica, fir ee Sensor ze verbauen, deen digital et erlabt, hir analog Gréisst, fir déi si zu recht berühmt sin, nozemaachen? Ok, wann een dovunner ausgoe muss, datt een irgendwann séng analog Filmer nëmme mi nach an "Entwécklungslänner" (sou kritt dat Wuert op eemol eng ganz nei Bedeitung) schécke muss, well et fir een normale Fotosbuttek séch net méi rentéiert, eng "Frontier" laafen ze hun, da kann een dee Wee novollzéien.
An dobei war det dach Kodak, déi di éischt digital Experimenter gemaach hun. Et schingt hei séch och ëm de Klassiker ze handelen: do huet een eng innovativ Iddi a probéiert se mat de moyens du bord ëmzesetzen, a schwupp sin do e puer Konkurrenten, déi quasi aus dem Näischt kommen, d'Iddi klauen, optiméieren an de marché kaperen. An den, deen als éischten drop war, verschwënnt.
Mais dat hu se jo zanter 2 Joer nees wett gemaach mam Capteur fir d'Leica M8 an och Sensore fir Hasselblad. (Wikipedia schw?tzt do vu "Capteur haut de gamme".