Yes, ...esou ee Genre vu Biller, gi säit laangem praktesch guer keng méi gewisen, an dëst hei, wéi de pixelman10 schonn's erwäänt huet, mat enger Top Inzenéierung ass eng Beräicherung hei um Site !
@ marker, konzeptuell Fotografie am Amateursbereich ass am Land praktesch inexistent.
Do fens de méi z.b. op Art Limited, https://www.erikjo.com/work. Wann een esou e Genre vun Fotoen réaliséiert, well een och hun dass se gesii gin, an daat ass op dëser Plaaz net de Fall.
Also Eddy, ech wëll elo nët Schwéiermamm spillen a soen dofir einfach dass ët erfrëschend ass emol erëm eng Kéier eng typesch suraki (oder ikarus) Foto ze gesin .
Oh Merci Paul,
ech muss gestoen dat ech net an d'Ofstëmmung kucke war, an ouni dech hätt ech dat warscheinlech vill méi Spéit gesinn. Et freet mech awer wierklech.
Merci fir deen de mech mat dësem Bild hei nominéiert hat. An selbstverständlech och all déi aner déi sech d'Méi gemaach hunn, d'Bild unzekucken a vläicht esouguer dovir ze stëmmen
Wann ech elo ufänken hei "Schwéiermamm" ze spillen, dann ass di Sproochblos hei ze kleng an ech sin den Owend um Hallefnuecht nach am gaangen. Woubäi, an dat brauch ech iech hei op PG jo nët ze erklären, Kritik een neutralt Wuert ass à la base, an et och positiv Kritik gëtt. Bref: Hei schréif (schued, datt et dee Konditionnel nët (méi?) am Lëtzebuergesche gëtt...) ech just Luew. Ech maachen et kurz: Lém¨nks eéischter Kaal Luucht, rechts méi woodeléch -> ganz gudd;lénks Dir eng Spéck op -> Effekt Projektor, rechts Dir grouss op -> Effekt Diffusor; Redundanz vun de Kärzestänner, deen am Grapp mat Kärzen un, deen um Schaf, aus; Linneféierung an Diagonalen, Positioun vun der Fra: sou wéi et soll sin;a gabz subtil: den Neellack, deen op der décker Zéif vum lénkes Fouss of ass... (ech kucke genee, gell!); lénks den Teppéch, deen d' éischter kal Atmospàr do brécht a "Stëmmung" ra bréngt, a rechts de plakeche Parquet, well jo do de Schaf an di oppen Dir genuch Struktur a Liewen an d'Foto bréngen;de Schwarz-wäiss-Kon trast um Portrait als Haptmotiv an dat Verrauschtent an éischter Entsiedecht vum Dekor.
Bref, wéi den Jaycee scho sot, een "Ikarus" wéi zu aalen Zäiten. Gudd, datt de Suraki deem säin Ierwe weiderféiert...
Chapeau fir dat genaut kucken an analyséieren vum Bild, deen eenzegen deen do nach kann mathalen ass de Charel (Maimonides) Du kucks dat jo nach méi am Detail ewéi ech selwer De warm/kaal Kontrast ass jo séier ze gesinn, mä wann elo een mer mam Neellack, deen op der décker Zéif vum lénke Fouss
kënnt, wat mer selwer net opgefall war ... dann zéien ech virun dem den Hutt.
Merci fir deng Wierder Nico
Ech duerf an der Schoul zanter dësem Joer een Optiounscours an der analoger Fotografie gin. Do schärft ee säin Aa fir sou detailer, well een dat jeo de Schüler bäibrénge soll.
Ech hoffen dat och. Am Moment gin ech hinne Videoe ze kucken iwwert Analogfotografie a Bildopbau asw... an da musse si mir digital Fotoe schécken. En attendant...
Biller aus der Kamera, ouni Faarf a Belichtungskorrektur, ouni ze croppen oder soss ze änneren, e bëssi wéi deemools d'Diafotografen ... do léiert ee bäi.