Du hues Recht. Ech hu mir schon effektiv iwwerluecht, ob ech net soll eng allerläscht Foto maache vun engem Graf, oder engem Kruzifix, an deen dann op Karfreideg hei posten mat engem Text am Sënn vun "Äddi Photogen". Dat hei huet jo nun awer guer kee Sënn méi. Lo huet den Abrëll schon 3 Deeg an nach keen, och nët déi Aal, déi et nach drop hun (Merci, gunman, fir d'Luef), huet zanterhir eng nei Foto gepoust. A wann ee kuckt, wéivill verschidde Liet nach hei Biller weisen vun deenen 3675 user, da stellt een séch wirklech Froen. Am Moment, wou ech hei schreiwe sin ech deen eenzeche Member, deen agelogt ass awer 155 Gäscht. Wee sin déi Leit? Wat kommen déi hei sichen? Sin dat ëmmer aanerer oder regelméisseg di selwécht? Firwat maachen déi séch keen Account op a poste Biller an diskutéiere matt? Firwat hu sou vill vun deenen neie Membren, déi dach awer ëmmer neess dobäi kommen, 0 skills? Sin dat Bots? oder Trollen? Oder einfach nëmme Vertrieder vun enger neier Generatioun Leit, déi just consomméieren a profitéieren, awer nët onbedingt séch aktiv abréngen? Ech stelle mir Froen.
Den analoge PG-Fotoclub léisst séch op, an hei komme just sporadesch nach e puer mol am Daag eenzel Leit firweltze, fir ze kucken, ob de Patient nach otemt. Do hëlleft och Bieden nët méi vill, färten ech.
Ech kann daat wats Du schreiws zu 100 Prozent novollzéien an ennerschreiwen. Deng Analys trefft den Nol op den Kapp.
Ech kucken all Daag hei op Photogen waat do fir Fotoen eropgelueden gin.
Ech selwer hun mech mettlerweil méi op Video spezialiséiert an machen just nach Photoen bei Familienfeieren etc. Video AN Photo daat geet zesummen relativ schlecht z.B, an der Vakanz. Et ass e bessen entweder oder, mais fir den Hausgebrauch geet et. Déi "grouss Kompositiounen" sin et leider net.
Et ass wirklech schued, dass et souweit komm ass, mais ech mengen et wor en Fehler deen aalen System wou eng "Jury" décidéiert huet ob eng Photo den Usprech gerecht get ofzeschafen, sou dass jiddfereen egal waat hei weisen kann.
Ech well do guer kengem ze noh trieden, mais d'Resultat ass nun emol wéi et ass.
Wéi heescht et esou schéin : die Hoffnung stirbt zuletzt.
Trotzdem nach en schéinen Owend fir Iech all.
Ma ech hun oft ran gekuckt, an wuar effektiv den eenzegen User online, mee doriewer man ech mer schon lang keen Kapp méi. Ech hun aaner Wéer angeschloen, déi mer méi Rouh brengen.
Ech fannen et awer och schued dass den Komitee sech an denen ganzen Joëren mol näicht Néits anfaalen geloss hued, fir et méi spannend ze man.
Schéinen Daag alleguer!