Sou an der dréchener Stuff huet een natirléch gudd schwätzen, awer ech ka mir virstellen, datt et am Schlued net agreabel war. Wann een dann duerno, plätschnaass, vun sou enger Liichtstëmmung belount gëtt, an et huet een de Fotoapparat dobäi, da kann ee jo bal nët méi meckeren. Ob alle Fall sin di Fotoen hei de Glanz. A wa mir scho bei aanere Fotoen hei vun natirléchem Colorkey schwätzen, hei ass dat och de Fall. Dirch d'Sonn an dat naasst Gras ass eng scho bal onnatiirléch Saturatioun am Grings, déi de Kontrast zum Grobloen Himmel an dem groe Fiels nach verstärkt. Einfach de Glanz!