Hei hun ech mol 3 verschidde varianten zu enger vue aus dem Aletschwald op den Aletschgletscher gebastelt. Woubei di 3. a saturéiert Variation am Fong d'Originalthema ass.
Wat huet dat mat parteiesch ze din? s/w ass jo eng eege Welt, an et ass och vermesse vu mir, fir déi mat 2 farweche Fotoen an ee Verglaich ze stellen. Kann et net einfach sin, datt een an den s/w-Fotoe wéinst der Abstraktioun vun der farf, eppes aanescht dra siche geet, méi déif wulle geet? Ech sin och dénger Meenung, datt am Allgemengen an de Grostufebiller méi Séil drastecht. Awer net all Motiv eegent sech fir s/w. Bierglandschaften awer schon. Vlaicht ass et jo och nemme, well mir dem Ansel Adams seng Landscapes am Hannerkapp als Virbild hun...
Natierlech eegent sech net all Foto fir sw. Du hues awer Recht domadder dass een eng sw ganz anneschters kuckt. An jo, et ass am Fong net fair hei sw an faarweg mateneen ze vergläichen.