Villmols Merci Jean-Paul. Ech stung hannert dem Sprangbuer wou den Helleg Geescht Tunnel aus dem Buedem kennt.
Mir waren zu 3 Fotografen do déi sech awer net kannt hun an virdrun dofir natierlech näischt oofgemaach haaten. Et war awer ganz interessant virdrun mateneen ze schwetzen an een huet deem aaneren Tips gin. Ech z.B. kruut z.B. eng Fonktioun vu menger Kamera gewisen déi ech bis elo nach net kannt haat....
Witzeg war dass mir 3 op d'rout Brèck fokusséiert waren, mir haaten alleguer schon opgestallt, schaarf gestallt etc., mee wéi et lass gung hu mir festgestallt dass d'Feierwierk um Lampertsbierg selwer oofgeschoss gouf a mir hun missen "à l'improviste" d'Plaatz wiesselen, an nei Astellungen fannen.
D'Leit an/ënnert der Pergola vum Lift sen tatsächlech d'Kiischt um Kuch, soss wieren et einfach 'nëmmen' Feierwierksfotoen gin.
Mee, d'Kiischt um Kuch ass eigentlech aus der Nout enstaanen, och wann ech d'Potential zimlech séier erkannt haat an d'Kamera dun sou ajustéiert hun fir d'Leit an der Pergola emmer mat drop ze hun.