De Reier deen hei ganz alleng am kale Waasser steet gefält mer ganz gutt. Déi Eau-de-Javel-gréng Faarf gëtt d'Stëmmung vun der trister Keelt gutt erëm an déi puer Steng suerge fir d'Balance am Bild. D'Quali ass leider net optimal mee dat ass zweetrangeg.
Gefält mir ganz gutt esou.
Merci jorsch.
Du hues Recht, d'Quali as net top (wahrscheinlech bei 1/30s awer zevill gewackelt)....
Hun alt dofir versicht mat der BEA e bessen ze kompemséieren.
Bild horizontal Gespigeltes an déi kleng Eis Stecker (oder Steng) zum Bild Rand géing ech probéieren nach ewech ze stempelen. Deng zwee Sujeten hätten fir mech dann eng besser Presenz. Tonwertkorrekturen géing ech nach licht upassen. Fir méi Kontraster am Bild.
Ps. Schein´t neit Joer an allzäit gutt Liicht!