An deem Moment wou den Loftball platzt, gett daat vun engem Mikro registreiert, deen sech an desem Fall direkt hannendrun befennt (hannert dem Hannergrond). Den Mikro fängt daat Signal an a scheckt daat dann un een Arduino (Mikrokontroller). Um Arduino schalt dann een Ausgang deen den Bletz ausleist. Meng Kamera hun ech fierdrun an den Bulb Modus gestalt. No e puer Sekonnen opblosen hun ech dun den Ausleiser vun der Kamera gedreckt (fier keng Minute laang Beliichtung ze kreien) a soubaal et geknuppt huet den Ausleiser nach eng keier gedreckt fier Bulb ze stoppen.
Et ass interessant wei oft sech daat Bild do uewen reproduzeieren leist. Den Mikro mam Arduino ass eppes super zouverleisseges.