Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Yosemite am Juni

Yosemite am Juni
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (15.06.2016). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.06.2016
  • Gekuckt:
    50426
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    37
  • Beliichtungszäit:
    1/640 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    2000x693
  • Späicherplaz:
    970 KB
  • Originaldatum:
    2016:06:03 22:59:29
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5DS
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Canon 24-70mm f 2.8/L II
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=86491]
Kommentar vum Fotograf:
Hei en Pano aus 3 Opnahmen, zesummengesaat mat LR. Et ass Juni, an et ass nach Eis um Waasser. Den Schnéi bleiwt souwisou nach do. Eng Woch virdrun, war d'Strooss nach gespart, well och déi nach mat Schnéi bedeckt war.
Eric_1989 14.06.2016 - 22:57
Mega wou ass dat dann ??
Pit 14.06.2016 - 22:58
Merci,
dat ass an Kalifornien den Yosemite Nationalpark.
Eric_1989 14.06.2016 - 23:00
asou smile geif och bestemmt gud ob enger leinwand machen closed_eye
mischii 14.06.2016 - 23:05
Gesäit super aus mat där Spiggelung.
Dann ass dëse Summer jo och net optimal fir d'Klooterer, déi wëllen d'Nose eropklammen.
Hues Du awer net vläicht e bessi vill geschärft, wann een d'Bild grouss ukuckt gesäit een eng Pixellinn laanscht d'Kanten vum Halfdome.
Pit 15.06.2016 - 08:33
Merci Mischi, se ass eigentlech, ausser am RAW Format, net weider nogeschàrft ginn. Allerdéngs wees ech net genau, wat déi automatesch Pano Zesummensetzung am LR mat den Kanten mecht... Ech probéieren mol, op et eppes bréngt, wann ech Kanten no der Zesummensetzung besschen glätten. Dat ass dann eng Hausaufgab fir haut den Owend smile
Pit 15.06.2016 - 15:02
Hunn se besschen verschafft...
mischii 16.06.2016 - 14:50
Lo ass se ganz ok
Pit 16.06.2016 - 20:31
smile
gunman 14.06.2016 - 23:11
Schéinen Pano Pit, Postkaart an Perfektioun !
Pit 15.06.2016 - 08:38
Merci Gunman, jo do war et och schéin smile
Paul-H 15.06.2016 - 00:35
Immens schéin! Wéi d'Michèle awer schreiwt, vleit eng Gretz ze schaarf.
Pit 15.06.2016 - 08:31
Merci. Ass net nogeschärft ginn (ausser am RAW, do muss een dat machen). Wat elo déi automatesch Zesummensetzung am LR mat den Kanten mecht, wees ech net genau...Ech probéiren mol, op et eppes bréngt, wann ech dat no der Zesummensetzung besschen rem glätten.
Pit 15.06.2016 - 15:02
Sou, lo misst se besser sinn...
pixelman 15.06.2016 - 07:50
Warscheinlech eng Landschaft déi een iwwerwältegt, leider ass D'Atmosphäre déi dofunner ausgeet durch déi iwwerdriwwen Behandlung gänzlech verluer gaang, e bessen to much menger Ménung noo !
Pit 15.06.2016 - 08:28
Merci, mee eigentlech ass se, ausser, dat se zesummengesat gouf, gericht ginn ass an kadréiert gouf, an den Schied opgehellt ginn ass, guer net behandelt ginn...Wat déi Schärft ubelangt, probéieren ech mol, op et eppes bréngt, wann een no der Zesummensetzung dat ganzt rem glätt.
Pit 15.06.2016 - 15:02
Hunn se verännert...
Jacques 15.06.2016 - 10:23
Ech gleewen net dass et vun der Zesummensetzung kennt.
Wann een eng Foto verklengert an e bessen noschärft ass et normal dass Schärfungsrënner enstinn, just bei esou Fotoen wou Kanten vun den Bierger en starken Kontrast zum Himmel hun geseit een dat vill besser wéi an aaneren Situatiounen. Déi hell an donkel markant Rënner kann een awer ewesch machen an dann geseit Foto schon vill besser aus. Et ass natierlech e bessen Arbecht smile Hun mer mol eng hallef Stonn Zäit geholl an versicht déi Kanten ze éliminéieren.
Mär gefällt déin Pano soss ganz gudd!
Kuck hei:
http://www.bilder-upload.eu/show.php?file=e57dca-1465978357.jpg
Pit 15.06.2016 - 10:30
Merci Jacques, dat ass dat, wat ech machen muss. Wéi ech dem Mischi schons geschriwen hunn, ass dat hausaufgab fir den Owend smile ech huelen unn, dat et eb besschen Zait an Arbescht kascht, soss wär et jo och ze einfach closed_eye
Pit 15.06.2016 - 15:01
Sou, hunn se geännert....
Jacques 16.06.2016 - 08:35
An elo ass se tiptop!
Pit 16.06.2016 - 10:07
smile
ornitho 15.06.2016 - 16:56
Eng wonnerbar Landschaftsfoto Pit !
Pit 15.06.2016 - 20:07
Merci, freet mech smile
An den FAV freet mech nach méi smile
Abacab 16.06.2016 - 18:52
Wow... impressionnant!

En herrlecht Bild!
Pit 16.06.2016 - 20:30
Merci gesot, freet mech smile an den Fav freet mech nach méi.
Abacab 20.06.2016 - 04:35
Gratulatioun Pit!
War och mäin "Préféré" closed_eye
Pit 20.06.2016 - 07:08
Merci smile
jorsch 19.06.2016 - 10:44
Immens schéine Panorama. Alles ass sou kloer a frësch, e Genoss.
Pit 19.06.2016 - 12:19
Merci fir Blummen, do war et och frësch smile
Jean-Jos 19.06.2016 - 12:21
wow
elo jhust eréischt an der Wochenofstëmmung entdeckt
Pit 19.06.2016 - 15:48
Merci, ma dann hues de se jo nach mat Zaiten gesinn smile
Villmols merci fir den FAV smile
Jean-Jos 19.06.2016 - 16:08
genau, an de richtige Knapp gedréckt bigsmile
Pit 19.06.2016 - 17:11
closed_eye
ornitho 20.06.2016 - 01:16
Gratulatioun Pit, eng wonnerbar WF !!!
Pit 20.06.2016 - 07:08
Merci, freet mech immens smile
gunman 20.06.2016 - 22:06
Felicitatiounen Pit !
Pit 21.06.2016 - 07:20
Merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 284 Gäscht online