Genee sou ass mir eng Kéier eng Zwergdommel entgéint geflunn ... nodeems ech kurz virdrun de Fotoapparat an d'Objektiv schéi propper getrennt an hire respektiven Täschen agepaakt hat.
Vu mir gëtt et fir dës eemolech Naturfoto 10/10 Punkten.
Schéin am Fluch festgehal déi Zwergdommel!
67kb, ech mengen do ass vill verluer gang vun denger Foto!
Ech hun mol probéiert nach méi aus denger Foto ze machen.
Versich mol Déiften e bessen erauszehuelen, dann kriss du e bessen méi Struktur an dat Donkelt. Haptsächlech um Réck wou dann net nemmen schwarz ass. An dann licht noschärfen. Hannergrond entrauschen an dann d'Schärfungsränner un den Konturen ewesch machen.
(Ass awer just meng Meenung an jiddereen huet eng aaner Opfaassung zu enger "Grandioser" Foto )