Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Up in the tree

 
All Fotoen an dëser Serie:
43704 Thumbnail
43705 Thumbnail
43706 Thumbnail
43707 Thumbnail
43708 Thumbnail
Up in the tree
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.07.2015
  • Gekuckt:
    28151
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    8
  • Originaldatum:
    2015:06:14
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Objektiv:
    Canon 200-400mm F4,0 L 1.4 TC
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
2. Kategorie: Natur »» Allgemeng
Extras:
Zidderech Ärm no 1/2 Stonn...

Fir anzesetzen: [pg_img=83603]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Serie vun den Schimpansen déi ech konnt am Kibale Nationalpark am Uganda maachen. Ech hun mech hei effektiv gefroot op ech des Serie wiirklech sollt weisen, dest wéinst der net graad berauschender Bildqualitéit. Allzeiten weist sech dass och eng Vollformatkamera mat ISO Werter iwwer 5.000 op eemol séier iwwerfuedert ass...

Zu der Serie selwer...et huet mech hei vill Nerven kascht en 3 Kilo schwéiert Objektiv emmer rem an d'Luucht ze hiewen, dann frou ze sin wann den Fokus ennert déenen Liichtkonditiounen gegraff huet an dann den Aaf och nach net schon erem op enger aanerer Plaatz soutz. Vir mech wor et allerdengs en genialt Erliewnis daat Spektakel an virum allem dei sozial Kommunikatioun an der Natur kennen ze erliewen. Hoffen Serie kann trotz den heigen ISO Werter aawer gefaalen.
Jacques 10.07.2015 - 09:38
Fir Iso 5000 fannen ech deng Biller qualitativ nach net emol sou schlecht!
Hun mol probéiert se selektiv e bessen ze entrauschen, an se gesin dann nach besser aus.
Op jiddenfall eng super Doku. déis du eis hei weis an si gefaale mer exzellent, zumools Nummer 3 ass mein Favorit!!smile
Scyv76 12.07.2015 - 16:15
Merci Jacques an och merci vir den Fav. Ech haat effektiv schon entrauscht mee et wiir nach méi eraus ze huelen mat selektiv entrauschen, daat stemmt. Jo den Nummer 3 ass wiirklech eng Schlofhaltung wéi bei engem Mensch closed_eye
MR 10.07.2015 - 09:49
Schein weis de Schimpansen hei an
deenen verschiddenen Situatiounen festgehalen hues.
Ech hun mir deng Serie ganz gären ugekuckt
an fannen se ganz gelongen!
Scyv76 12.07.2015 - 16:16
Merci Martine, daat fréet mech. Ech woor och richteg beandrockt vir daat an Natur kennen ze gesin.
Michelle 12.07.2015 - 22:08
flott Serie! mir gefält Nr. 4 am beschten!
Scyv76 15.07.2015 - 09:48
Merci Michelle, freet mech. Jo, en setzt esou schéin do an enger nodenklecher Pose...
Abacab 13.07.2015 - 10:19
t'schleefen vun den schwéieren Objektiver huet sech trotzdeem gelount!

et muss wirklech flott sinn esou Momenter a freier Natur ze erliewen.

Eng flott an interessant Serie!

Scyv76 15.07.2015 - 09:49
Villmols merci. Jo et ass wiirklech impressionant daat an der Natur ze gesin daat huet op alle Fall d'Schleefen vum schwéieren Material ausgeglach closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 370 Gäscht online