Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

004 - White Trees

 
004 - White Trees
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.03.2015
  • Gekuckt:
    33148
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1132x800
  • Späicherplaz:
    538 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=82296]
Kommentar vum Fotograf:
Am hellliichten Dag mat der Sonn am Réck geholl.
gtaddei1 05.03.2015 - 14:09
dei rumm meet net gudd , fannen ech...
Tesla 05.03.2015 - 18:35
Ech denken, dass Schwaarz/Wäiss Fotografie am Allgemengen ouni Rumm net gutt funktionéiert. Net nëmmen doheem wann et sollt ophänken, mee och um Internet. Et grenzt of a lenkt de Bléck ganz gezielt just op d'Foto selwer.

Ech hu gesinn, dass dir och vill Schwaarz/Wäiss Fotoe maacht, an et wonnert mech, dass dir der selwer net benotzt. MEE, et ass selbstverständlech och oft eng Affaire de Goût wat do lo schéin, ellen, gutt oder schlecht wierkt. smile
gtaddei1 10.03.2015 - 09:04
Eng Rumm dei esou deck ass ewei deng ... et ass grad dei dei stark de Bleck ooflenkt... Eng Wäiss Rumm mecht d'Foto op an eng Schwarz meet se zou... Dofir bei donkel SW foto ass et wesentlech besser eng mettel denn (oder deck ) schwarz Rumm

Also et ass net dass deng Rumm mir net gefaellt mé sie steiert mech an get mir genau de Geigendeel vun deem waat du mir suggereierst ...
OK-Photography 05.03.2015 - 14:25
dei Rumm, an den Kontrast, ass grad daat wat mir gudd gefällt - flott Handschreft! closed_eye

als eenzig Kritik hätt ech dass dRumm uewen an op den Saiten misst d'selwecht sinn - se ass op den Saiten ze schmuel wat zimlech schief wierkt! ass een Detail mee mengen ech net onwichteg! closed_eye
Tesla 05.03.2015 - 18:39
Merci OK-Photography vir de positiven Kommentar an d'favoriséieren smile Gesäit ee ganz gären!
Mat der Handschrëft ass wuel d'Ënnerschrëft gemengt huelen ech un? closed_eye
Zu dem klengen Detail, ech huele mer dat emol zu Häerz a kucke wat mir besser gefält.
OK-Photography 05.03.2015 - 20:28
(handschreft war op den uniformen Portfolio bezunn...)
allerdings: och bei denen aneren Fotoen ass dRumm schief, giff daat weigesoot verbesseren - am Photoshop den Crochet bei relativ setzen nodeems de mat ctrl-alt-c den Bord defineiert hues...daat misst klappen...) closed_eye
OK-Photography 05.03.2015 - 23:06
(op deng PM hinn - an fir dass dei aner User och matliesen kenen...wann se dann Loscht hunn hihi)

Salut,

deng Fotoen sinn net kromm!!! smile

just den Rumm huet op den Saiten manner Pixel wei uewen an ennen - si ass mei heich wei breed. Daat kent warscheinlech duerch eng "falsch" Astellung. (steet den Unit eventuell op PROZENT? - dat féiert neemlech dozou...dei muss op PIXEL stoen, dann kriss de op all Seit dat nemlecht)

hei gesais de wat ech mengen:
https://dl.dropboxusercontent.com/u/5672046/100670...
ignoreier dei Schwarz Rumm (dei ass just fir den Kontext)
dei ROUD ass eng wou op all Seit selwecht ass(100pixel an all Richtung)
dei WAISS ass deng, aktuell, Rumm...

méi dozou hei, ganz flott erklärt:

http://www.photoshopessentials.com/photo-effects/b...


fG

Oli

Tesla 06.03.2015 - 00:31
Okay, elo verstinn ech dat Ganzt och effektiv. Ma, dass op de Säite manner wéi Uewen an Ennen ass, ass gewollt esou. D'Format ass en A4 mat der Foto am Gëllene Schnëtt drop. D'Foto huet 16x25.89cm an en A4 21x29,7. Vun dohier kennt dat. smile

Vir et am Fong de Bicher an eisen Virgänger no richteg ze maachen, misst ech d'Foto ganz bëssen erop drécken vir dass do e gewëssent Verhältnis entsteet an dat Gefill wat s de beschreifs, verschwënnt. Enne soll am Prinzip ëmmer bësse méi sinn, vir dass ee net mengt dass d'Foto no "ënnen hänkt".
E ganzt interessant Kapitel genau dozou fënnt een am Buch "Way beyond Monochrome" vum Ralph W. Lambrecht. Do geet et zwar em de Passepartout, d'Arummen an d'Presentéieren, mee ech denken, dass d'Presentéieren um Internet ganz vill mam realen Presentéieren ze dinn huet.
Mee dat sinn awer elo just ech, vläit ze vill traditionell? Mee wat wiere mer schonn ouni all eis Traditiounen an alles dat wat déi Leit virun eis gemaach hunn? Wee weess smile
OK-Photography 06.03.2015 - 10:58
okay, ech gesinn wats de mengs.

Allerdings ass meng Meenung dass een am digitalen keng Rumm brauch. den Medium huet geännert, an domat allerlee Konzeptiounen. Soubaal een dFoto op Pabeier brengt ass et absolut derwärt sech mat Passepartout an Co. auserneen ze setzen an eng heigwärteg Präsentatioun ze erstellen.

Am digitalen passen fir mech dei Iddeen net - do huet een naischt am Grapp mee et kuckt een et just op engem xbeliebegen Bildschirm... closed_eye


Ech muss dozou soen dass ech am Ufank mengen Fotoen och Rummen ginn hunn well dat fir mech "besser gewierkt" huet - hunn daat allerdings mat der Zait opginn, an haut kreien just nach dei Fotoen eng RUMM an een Nool an der Mauer gewidmet dei et och am RL (real life) get.... closed_eye closed_eye
(kuerz: den Ennerscheed zwescht online-Portfolio an Print.)

mee....ass just meng Meenung....

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 475 Gäscht online