Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Aber bitte mit Sahne

 
Aber bitte mit  Sahne
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (14.01.2015). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.01.2015
  • Gekuckt:
    28350
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    2/1 sec
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    567x800
  • Späicherplaz:
    242 KB
  • Originaldatum:
    2015:01:11 16:20:34
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF100mm f/2,8L IS USM
Kategorie: Objeten an Still Life »» Am Studio  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=81785]
Kommentar vum Fotograf:
och vu mir dann e klenge Beitrag vum Highspeedworkshop gescht zu Ettelbréck
Et war jo sou cool , mir hun eis super amuséiert a vill bäigeléiert,
en décke Merci un de Fern an seng Equipe,
sief et fir di fotografesch Ënnerstetzung awer och alles waat den Honger an Duuscht ubelaangt huet, et war perfekt!
Maimonides 12.01.2015 - 20:53
2 ganzer Sekonne beliicht, Michèle ?
mischii 12.01.2015 - 22:02
jo
fir daat Bild erauszehuelen wou de Blëtz fir e kuerze Moment aktiv war, mir hu jo am Däischtere geschafft, et gëllt hei just oofdrécken, wann de Bletz aktiv ass.
Ier et gelongen ass haat ech nawell vill ganz schwaarz Biller!!!
a mir haaten gutt Leit déi woussten . wéi et ze maache wier
...et léiert een ëmmer derbäi
Maimonides 13.01.2015 - 19:58
De Blëtz ?
" No Flash " !
mischii 14.01.2015 - 17:33
No flash, well mir mat enger Softbox geschafft hunn, déi iwwert Vibratioun vum Leffel ausgeléist gin ass, an dofir net an den Exifen vun der Camera optaucht
Maimonides 14.01.2015 - 20:16
Dengen Äntwerten no, Michèle,
hun ech also di richtig Froën gestallt.

closed_eye
Jeanny 12.01.2015 - 21:09
Jo, déi ass wonnerbar ginn Michèle
mischii 12.01.2015 - 23:22
smile
Merci Jeanny
Mir hu geléiert an eis gutt amuséiert
Conley 12.01.2015 - 21:16
War's de beim Fernand Gras... an Léier? Beliichtungszäit wuel echter eng 1/64 oder 1/128 Astellung um Blëtz. Foto ass dir awer ganz gutt geroden!
mischii 12.01.2015 - 21:53
Merci Conley, déi Beliichtungszait kruute mir gesoot, souguer éischter BULB, ech hun och gestaunt a bäigeléiert
de Blëtz war ferngesteiert,iwwer en i-phone wanns de op de Leffel gedréckt hues,
et war net sou liicht,
d'Erdbier si gefflunn, de Blëtz war net am richtege Moment asw. , do hu mer scho vill geschafft ier eng Opnaam gelongen ass
Conley 12.01.2015 - 22:57
Ech maachen Fotoen ëmmer am Blub. De Joker2 seet der Kammer wéini se soll op an Zoumaachen. Blëtzer sinn ufangs vum internen Blëtz iwwert TTL gesteiert ginn. Dono mat engem exteren Blëtz, (Duerch een vir Blëtz den de Joker2 och ausléist) an mëttlerweil iwwer Funk wou's de dann iwwert de Funk d'Astellungen vum de Blëtzer och nach änneren kanns. Ech ginn mol dovunner aus dass dir mat Liichtschranken geschaaft huet? Ass awer net onbedéngt néideg. Bei esou enger kuerzer Excursioun an't Highspeed Fotografie awer Richteg! Ech hunn Liichtschranken nach net bei der Drëtonguesenfotografie benotzt. Well een do alles wat net onbedéngt néideg ass soll vermeiden! Einfach sinn esou Fotoen sécherlech net! Awer een genoss ze kucken, wann se dann no laangem Gefummeltes gelongen sinn!
mischii 12.01.2015 - 23:18
nee mir hun net mat Liichtschranke geschafft, nëmme mat externem Blëtz (Softbox), an et huet geheescht am richtege Moment oofdrécken ,daat war net sou liicht,ech hun mol missten vill schwaarz Biller an d'Poubelle schmäissen!
Déi ganz Technik haat de Fern eis schon installéiert
jorsch 12.01.2015 - 22:03
Och mat Schlagsahn e ganz leckert an appetitlecht Bild! smile
mischii 12.01.2015 - 23:19
smile

Merci jorsch
ToPo 12.01.2015 - 22:48
Super Foto!smile
mischii 12.01.2015 - 23:19
Freet mech,
Merci Tom
p4ulx 13.01.2015 - 02:38
D'Resultat ass mat Secherheet gelongen!
Tiptop dei doten.
mischii 13.01.2015 - 10:30
2x en décke Merci p4ulux
mischii 13.01.2015 - 10:30
.
MsJarryman 13.01.2015 - 23:56
Ka mer virstellen dat daat Doten nëtt evident war, d' Resultat ass super.
mischii 14.01.2015 - 13:27
Freet mech, dass d'Resultat gefällt
Merci MsJarryman
RPhoto 14.01.2015 - 10:07
Och Dir e Kompliment Michèle, Deng Äerdbier gesäit awer och ganz lackeleg aus! Elo ass da fir all Goût eng derbäi!
mischii 14.01.2015 - 13:26
smile
Merci RPhoto
p-foto 14.01.2015 - 13:17
Do huet sech den Workshop jo dann awer gelount!
Eng kleng Reklamatioun: Ech hätt den klengen schwaarzen Punkt lénks bei der Mëllech nach retouchéiert!
Mais soss wonnerbar!
mischii 14.01.2015 - 13:25
Jo Patrick, de WS war derwärt a mir haaten e lëschtegt Fraenteam closed_eye
Dee klenge schwarze Punkt ass kee Problem, maachen deen nach emol ewech
Merci
p-foto 15.01.2015 - 13:05
Lo as se perfekt! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 291 Gäscht online