En Zuschauer niewt mir huet et "getimed", et huet 9 Minuten gedauert. Net vill fir en Hobbyfotograf (et muss een sech jo mol "anschéissen"), awer et war schéin.
Ech stung hei beim Ausgang vum Hellegt Geescht Tunnel.
D'Preparatioun éier et ugeet ass schons villes: Rausfannen wou genau et oofgeschoss gett, décidéieren wou's de Dech stells, mat Zäit do sin, Stativ opbauen, Fernauslöser uschléissen an e puer mol probéieren, F16, ISO100 schon mol astellen an op onendlech schaarf stellen, daat richtegt Objektiv je no geschätzer Distanz (ech huelen baal emmer mäin 18-55) benotzen, eng Täschenluucht, an je no Wieder déi richteg Kleedung.
Beim Feierwierk selwer muss de versichen ze anticipéieren: Du gesäis jo wann eng Rakéit oofgeschoss gett an kanns sou ongeféier oofschätzen op eng méi héich ass oder net, Kamera bletzschnell noféieren an wann méiglech schon oofdrecken éier d'Explosioun kennt....
Mee maach der näischt draus, vun deenen 50 wou ech gemaach hun sin der och vill dernieft gaang, ganz vill.