Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Päiperlek nom Reen

 
Päiperlek nom Reen
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (14.08.2014). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.08.2014
  • Gekuckt:
    59486
  • Favoriten:
    9 (Wen?)
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    1/1250 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    250
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    952x634
  • Späicherplaz:
    457 KB
  • Originaldatum:
    2014:08:04 18:30:33
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
2. Kategorie: Natur »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=79900]
Kommentar vum Fotograf:
No engem décke Schlued schéngt Sonn erëm an der Wiss.
D'Reflexer si vun de Reendrëpsen am Gras.

Ech hunn, fir de Faarwkontrast ze vergréisseren, d'Faarftemperatur vum HG. selektiv e gudd Stéck erofgesat.
Nach "de bon goût" oder schonn "too much" ?
Freeë mech iwwer Meenungen heizou!
Schluck 14.08.2014 - 10:14
Immens flott mat den Reflexionen an och den Farwkontrast ass tiptop esou. Vläicht déi 2 Punkten uewen riets nach ofdonkelen oder ewechstempelen wëll déi den Bléck vum Sujet oflenken.
jorsch 14.08.2014 - 10:32
Merci Schluck, fir de Fav. an de Kommentar.
Vum ville Kucken si mer d'Punkte net méi obgefall.
Si sinn elo verbessert.
Schluck 14.08.2014 - 10:41
Yep .. definitiv besser, herrlech Stëmmung an dem Bild
Scyv76 14.08.2014 - 10:22
Ech fannen déi Foto fantastesch virun allem duech den gelongenen Bildopbau an den super Hannergrond wou de Faarwkontrast net too much vir mech ass. Dito Schluck waat déi 2 Punkten riets vum Péiperléck ubelaangt.
sheandhercamera 14.08.2014 - 12:00
Menger Meenung no ass et iwwerhaapt net too much! Wonnerbar Faarwen an eng ganz super flott Stemmung op deser Foto!
Jean-Jos 14.08.2014 - 12:13
Nët nëmmen ganz flott verschafft, e Bild fir opzehänken!
GONNER 14.08.2014 - 12:14
Hannergrond tip top super schéin am Bild
jps 14.08.2014 - 16:17
E Päiperlek emol erfrëschend anescht smile
Mat der Faarftemperatur ass absolut OK esou.
mischii 14.08.2014 - 16:36
cool,
d'Faarwen sinn absolut mäi Goût, fir mech ass do näischt too much
gemu 14.08.2014 - 18:52
Aussergewéinlech, grandios däin Pätongueerléckenportrait
Miau 14.08.2014 - 19:45
herrlech...
No_Saint 14.08.2014 - 19:50
Eng gudd Idee matt der Farwtemperatur, fir mëch "de très bon goût" !
Maimonides 14.08.2014 - 22:37
Un poême, jorsch,
bien cadré
et les non-dits
cachent les mal-entendus.

closed_eye
jorsch 15.08.2014 - 10:06
Voir PN! smile
Maimonides 18.08.2014 - 21:39
Mes félicitations, jorsch.
jorsch 18.08.2014 - 21:54
Merci Maimonides!
Jeanny 15.08.2014 - 06:25
e ganzt scheint Faarwespill Georges, dat gefellt
TC 15.08.2014 - 07:37
Een wonnerbaren Hannergrond!
jorsch 15.08.2014 - 10:05
Anstatt jidderengem zimlech dat selwecht ze äntwerte maachen ech dat elo kollektiv:
Merci fir di vill Kommentarer a Favën!
Et hu mech gefreet, datt d'Bild an och d'Bea. iech gefalen!
galileo 15.08.2014 - 18:15
Ganz schein !
jorsch 18.08.2014 - 21:54
Merci galileo!
gemu 18.08.2014 - 18:19
Gratuléiren fir d'WF tip top esou
jorsch 18.08.2014 - 21:54
Merci gemu!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 389 Gäscht online