Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ticino colours

 
Ticino colours
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.11.2013
  • Gekuckt:
    29280
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    116 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1002x492
  • Späicherplaz:
    593 KB
  • Originaldatum:
    Oktober 2013
  • Fotoapparat:
    Nikon
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ & ND3

Fir anzesetzen: [pg_img=75568]
Kommentar vum Fotograf:
Déif ënnenof, an der Schlucht zu Ponte Brolla am Valle Maggia
theom 02.11.2013 - 09:37
Salut Marc, ( direkt erkannt ) wéi ëmmer eng schein Platz wonnerbar an d'Bild gesaat.Top.!
marker 03.11.2013 - 09:41
Merci Rob, däi Komentar freet mech natierlech ze liesen.
Recht hues de, d'Plaatz as wirkeleg immens flott, just s..geféierlech an ustrengend fir bis erof op den Niveau vum Waasser ze kommen. Um Bord vum Waasser kënn's de net weider, d.h. all Kéiers nei erop an nees erof kloteren fir e puer Meter méi wäit kënnen e Bild ze machen.
gemu 02.11.2013 - 10:18
Ganz flott Faarwnuancen a Liicht, rëm eng ala marker. Richteg flott. top.
marker 03.11.2013 - 09:43
Merci gemu, et freet mech ëmmer nees e Feedback vun dir ze kréien.
jorsch 02.11.2013 - 10:26
De marker a sengem Element! smile
Flott Laangzäitbeliichtung.
Mir gefale besonnesch déi ënnerschiddlech Faarwnuancen a Strukture vun de Fielsen.
marker 03.11.2013 - 09:52
Jep, du hues et richteg erkannt, ech war hei a mengem Element, well fir mech eng fotografesch Spillwiss. Ech hun dës phantastesch Schlucht an denen leschten Joeren e puer mol opgesicht, allerdings nach nie esou faarweg erliéwt ewéi dës Kéier.
Däi Komentar huet mer Freed gemach jorsch, an dofir Merci gesot.
Zora 02.11.2013 - 16:00
Eng wonnerbar Bea an Fotosmile
marker 03.11.2013 - 09:59
Merci Zora, et freet mech dat d'Bild dir gefällt.
Vill Bea hun ech net gemach, just d'Tounwerter liicht ugehuewen. Durch d'Laanzäitbelichtung entsteet automatesch méi en intensiven a waarmen Bildtoun.
Conley 03.11.2013 - 00:08
Salut marker, et ass net schwéier deng Fotoen schonn am klengen ze erkennen. De Cadrage an't Waasser wat schéin harmonesch an der Diagonal mam Entourage duerch Fielse fléist! Wéi ëmmer ganz gutt gewisen!!
marker 03.11.2013 - 10:07
Eng flott Appreciatioun vu mengem Bild, wou ech natierlech ganz gären liesen.
Merci beaucoup Conley, an svst. freet et mech och dat d'Bild dir gefällt.
Jeanny 03.11.2013 - 05:18
Eng Marc-Foto smile wonnerschéi Marc, Faarwen an dat douct Waasser, immens flott fotograféiert
marker 03.11.2013 - 10:23
eng Marc-Foto...! ...anscheinend e Bild mat Erëmerkennungswäert closed_eye
Merci fir deng léif Wierder Jeanny, an dat d'Bild dir gefällt freet mech richteg.
bac 07.11.2013 - 21:35
Hoppla, dei hat ech verpasst. Déi schéin douce Faarwen vun den Fielsen konkuréieren herrlech matt dem Waasserschléier
marker 08.11.2013 - 21:04
Flott kommentéiert bac, daat mecht mer Freed. Merci villmols.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 335 Gäscht online