Op der Minn selwer hun ech relatif vill Faarf Rauschen, kann daat duerch deen verwendeten Bletz komm sinn? (konnt en mam Photoshop, RAW astellungen, och ned wegmaan)
Kann mer am Fong nët firstellen dass ët soll Rauschen vum Sensor sinn bei ISO 100 .. kuck am Schiet gesäis de näischt. Ech huelen eichter un dass ët d'Reflexiounen vunm Liicht sinn déi vun der Mine vum Bléistëft sou gebrach gët. Wees ët och nët wierklech.
Do fehlt eng Iddi, Autumn, e bessen "action". Due hues zwar 2 divergent Diagonalen am Bild, mais dat ass awer och dat Eenzigt.
Probéier mol de Bleistëft am Portrait-Format ze weisen wou en just ophält e Wuert ze schreiwen: dann häss du och nach seng Funktioun gewisen. Oder een deen um aaneren Enn knaat..., bref wat kann een Alles mat engem Bleisteft maachen...., zum Beispill.