Schéin schaarf, an och wann ech nach keen esou live gesinn hunn. Sinn Faarwen fir mech Natierlech. Den Hannergrond ass Faarflech nach liicht Strukturéiert, an di zwou Blummen Passen gutt an de Cadrage. De Schied vum Kierper gefält mir och nach ganz gutt! Di hell Flecken am Spannennetz ënnert der Blumm wierken zwar natierlech, awer de Bléck wandert ëmmer nees do hinn. Een ganz schéinen Makro Yves!
Merci vir deng detailleiert Analyse Roger, an och en décken Merci vir de Fav ! Ech sin frou dass de déi Saach mat den hellen Flecken um Spannenetz och esou geséis, ech wollt se am Ufank emmer dranlossen vir Foto effektiv mei natiirlech ze lossen mée ech woor aawer och dun schon onschléssech well se mech iergendwéi stéieren. Wann Spannenetz méi strukturéiert wiir, wiir et vléicht manner stéierend, lo hänken déi Flecken iergendwéi e bessi sou an der Loft.