Hallo,
Ech laafen elo wahrscheinlech Gefohr gekäpt, gelyncht ann scalpeiert ze ginn,
well ech verstinn einfach nöt wei eng Foto zuer WF kann gewielt ginn wou een den Macrobletz esou am Detail gesait ewei hei, ass ann mengen Aaeen een absoluten Nogo, selwecht wei een sech op enger Foto ann enger Fenster oder Spiggel selwer gesait.
Doweinst hunn ech och keng Stemm ginn fier döss Foto, hunn awer groussen Respekt virrunn Dengen Macroen, awer eben just nöt virrunn deser hei....
Hallo micky-maus
Et muss een net ëmmer alles verstoen
an mir ass och oft villes en Rätsel!
Ech soen dir merci fir deng éierlech Meenung
an sin dir bestëmmt elo net béis dofir
Jo den Makroblëtz gesäit een hei wierklech
gutt an den Drëpsen, wat mech un dësem
Bild awer elo perséinlech guer net stéiert,
och wann dat een Nogo ass!
Dass meng Foto elo ausgerechent eng
Wochenfoto gin ass, obwuel ech keen
een FAV kritt hat, dat verstinn ech och elo net!
Dat Bild hei fannen ech guer net esou
schlecht awer och net dat Bescht wat ech
bis elo hei gewisen hun!
Dass meng Foto dann elo eng Wochenfoto ass,
domadder kann ech liewen
an schaffen schonn un mengen nächsten
Makroen fir hei ze weisen
Hai ass den Bletz effektiv bessi manner present (an der Reflexioun) mee ech fannen den Opbau bessi eidel. Gesinn net richteg eng Struktur (1/3 passt net) an dDrepsen wierken op mech bessi "verluer" sou. Ech hätt se warscheinlech anecht am Quadrat arrangéiert...
trotzdem eng gelongen Foto, déi zesummen mat där anerer eng FLOTT Serie erget!
Merci Oli
freet mech bal een Joër duerno nach eng Meenung zu desem Drësenbild ze kréien
Wat mir bei desem Bild nach am Beschten gefällt as den Hannergrond mat den Flares.
Den Drësen fannen ech feelt et hei einfach un Schäerft!