Bal Zäitgläich mam micky-maus...
- "Rock the Bloc"? Hunn ech eppes do verpasst? D'Prisen kéinten gebotzt ginn... ... EDIT: AJO... schon ab 14.04....
- D'Qualitéit vun der Foto ass net immens. Den direkten Blëtz ass e bessi onvirdeelhaft. Ech kéint mir se allerdings awer am SW virstellen obwuel et menger Meenung no méi flott wier wann se riicht wier. Dann gierf een sou richteg gesinn wéivill Ustrengung do gefrot ass.
merci Jean-Claude,probéiren mol am s/w a kucken ob ech se riicht gestallt kréien, Du Hues Recht et gesäit een net wéi schief hat hei hänkt,
mir hat de Cadrage mam Dräieck wou nach e bessi Wand drop ass gudd gefall ,an deem Keller ass jo nët souvill Plaatz, ëmmer kucken , dass keen der op de Kapp fällt!
mam Blëtz ginn ech Dir och Recht, kucken mol ob ech et oofgedonkelt kréien, op allefall weess ech jo lo mol wat ech d'Next Kéier besser maachen, merci fir d'Hëllef
.... a keng Angscht, d'Prisen sin duerno mat der Zännbiischt gebotzt gin
SRY Lait dass ech NET EMMER eppes zur Foto schreiwen, as hai manner an manner gefroot.......
Ech mengen dir 2 brengt et awer op den Punkt, den Bletz as onfirdeelhaft an dPerspektiv as mir een Tick zevill platt an nach derbai onvirdeelhaft...
Ech wees et as een absoluten Challenge do Fotoen ze maachen mee ech giff mech warscheinlech mat opener Blend an laanger Beliichtung probeiren - fir dDynamik anzefenken! emmerhin as et Sport, et beweegt sech!
dFräschperspektiv kann gudd sinn, mee meeschtens as daat net dei beschten Platz fir den Fotograf, bessi ronderemprobeiren misst awer klappen, den Klooterer brauch op allefall een Kontext - e bessi gesinn WEI en un der Mauer henkt muss een also schon....
Sorri mischii,
awer fannen hei den POV net gudd, engem uewen annt Leiskaul ze kucken ass nöt onbedingt menges, och kennt hei keng gudd Deift eran well Mme mengen ech just 1m iwwert dem Buedem hängt. Doo hust Du eis awer schon matt mei scheinen Saachen hei verwinnt....
ok merci m-m, dat mat der Déift stëmmt, do war awer leider nët méi Plaatz fir sech aanescht ze stellen, mee egal ech hu kee Problem, wann dëst Bild dann net sou eriwwer kënnt wéi ech geduecht hun, kucken mol ob ech net nach aaner Vuen hunn.
ups , mëlle mech nach emol, et ass nëmmen 30cm iwwer dem Buedem, d'Hand ass jo nach opgestäipt, beim Bloc klooteren geet et jo nët sou em d'Héicht,
ech gesinn lo ann , dass d'Perspektiv, nët di allerbescht war fir e klengen Androck vun der Schwieregkeet ze hannerloosen
Boulderen ass eng Merde vir ze fotograféieren!
Kuch der einfach mol vill Fotoen un, dats de en bëssen Iddien kriss am Ufank wat een kann maachen. Den Internet ass voll, an wanns de net weess wou sichen, fro däin Meedchen, dat weess et sécher.
Dann géif ech eng Kombi aus UWW- an Detailfotoen maachen, sou eppes dertëscht gëtt näischt menger Meenung no. Kanns och mat der Luucht spillen andeems de extern Blëtzer benotz, een geet schonn duer vir cool Effekter ze maachen.
An dann muss de virdrun och ëmmer iwwerleeën wats de maachen wëlls, Klammen an schlecht Fotoen, oder Fotoen an 'schlecht' Klammen. Gutt Fotoen kriss de hei bal nëmmen wanns de inszenéiers, einfach sou während deem kriss de ni déi Biller déis de gäeren häss.
merci Bob, ech kréien lo gläich e gudde Boulderfotograf , deen och dat néidegt Material huet,op Besuch, ech wärt mech renseignéiren. D'Biller wärten dann outdoor ginn
...ass och e bessi méi liicht, wéi am däischtere Keller um Lampertsbierg, obschon de Mëllerdall och seng Usprech stellt!
mol kucken
ps.hei war villeicht och schon e bessi ze vill Mammefeeling dran, well ech awer frou war iwwert seng drëtt Plaatz