Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Speicherstadt

 
Speicherstadt
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (31.03.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.03.2013
  • Gekuckt:
    37323
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    8/1 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    125
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    1280x720
  • Späicherplaz:
    649 KB
  • Originaldatum:
    2012:12:13 17:48:07
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Canon EF 24-105 L
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
Extras:
Stativ, Fernauslöser, waarm Kleeder well et woor schw***kaal.

Fir anzesetzen: [pg_img=71461]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Foto déi ech läscht Joer an der Speicherstadt zu Hamburg opgeholl hun (vun der Poggenmühlenbrücke aus). Daat Bauwiirk an der Mett ass d'Wasserschlass.

Héi klicken vir e puer interessant Info'en :
http://de.wikipedia.org/wiki/Speicherstadt
Jean-Jos 27.03.2013 - 22:15
Ganz flott dat doten Scyv, ech war viru Joeren och zu Hamburg an ë.a. och op däerer Plaz, hat awer kee Stativ dobäi unhappy
Flott hei wéi Daagesluuchtfaarwen a Nuetsfaarwen niewt enaner stin an e flotten Effekt machen. Déng Foto gefällt!
Scyv76 28.03.2013 - 19:02
Merci villmools. Jo ouni Stativ geet do leider net vill. Leider woor et deen Daach e bessi dréiw soss wiir hannen den Horizont mat dem Iwwergang Daages / Nuets-luucht nach bessen besser eraus komm.
pho-taux 27.03.2013 - 23:28
Gefällt mer gudd mat den Faarwen an mat der Spigelung am Waasser!
Scyv76 28.03.2013 - 19:01
Merci villmools smile
Jeanny 28.03.2013 - 06:43
eng herrlech Stad an eng ganz schéin Foto.
Scyv76 28.03.2013 - 19:01
Jo, Hamburg ass wiirklech immens. Merci.
gemu 28.03.2013 - 09:07
Eng ganz gelongen Nuetsopnaam, gefällt mir super, besonnesch den choix deen een muss machen: no riets oder no lënks, ech gin no riets closed_eye
Scyv76 28.03.2013 - 19:01
Merci Georges, jo do steht een virun enger schéiwerer Entscheedung hehe. Villmools merci och vir den Fav.
Gaga 28.03.2013 - 09:11
ganz flott.
Ech wees net ops de se entzerrt hues, oder sin dei Haiser lenks esou kromm ?
Iergendwei as do epes kromm an der Heck ...
Scyv76 28.03.2013 - 19:00
Merci.
Jo ech gin der recht, ech hun déi nemlecht Impressioun an et stéiert mech, ech muss aawer soen ech kréien et iergendwéi net hin...bei 50mm dierft am prinzip keng distortioun dran sin, wann ech drun piddelen gin dann ass d'Wasserschlass an der Mett kromm respektiv ausgebelzt...ech färten ganz do ass net alles ganz riet an dàer Spéicherstadt.
Gaga 29.03.2013 - 09:27
also, (ofgesin dat ech keng Ahnung hun wei bewandert dats de am PS bass) denken dat et einfach e kippen vun der Perspektif as, du hues liicht no uewen fotografeiert.
Sou hun se mol am PS riicht gezun an schengt keen Probleem ze sin.
Einfach ennen lanks a riets e bessen eraus zeieen.
Scyv76 31.03.2013 - 14:49
Vir Lens-korrektiounen geet et nach just dur smile. Also ech hun se lo mool e bessen no ennen erausgezun mee et ass nach emmer net perfekt, wann ech méi zéien dann kippt déi riets Séit no bannen ewech. Mee et ass wahrscheinlech esou wéi's du soss dass ech liicht no uewen fotograféiert hun (mengen do huet och en Glänner gehennert. Merci op alle Fall vir déin Tip an deng Méih.
bac 28.03.2013 - 09:36
Ganz flott Nuetsopnahm matt waarmen Luuten
Scyv76 28.03.2013 - 18:58
Merci gesoot smile
jorsch 30.03.2013 - 18:05
Flott Stëmmung, tëschent Dag an Nuecht.
Déi vill Luuchten, déi sech och nach am Waasser spigelen maachen et!
Gefält mir ganz gutt!
Scyv76 31.03.2013 - 14:49
Merci villmools Jorsch.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 402 Gäscht online