Effektiv, et waar net einfach fir et ze entzerren. Ech hun probéiert d'Haaptgebai an d'Raiffeisen Scheld einegermoossen Vertikal ze kréien. Mee et ass emmer eppes drabliewen waat kromm waar
En plus haat ech Probleemer fir d'Gebai ganz drop ze kréien. Wou ech mam Naturknipser deen owend um Tour waar, hun ech ganz gudd den Ennerscheed gemierkt tescht enger Vollformat Kamera an eng matt engem Crop-Faktor En plus haat ech den Fernausléiser vergiess an main Kapp vum Stativ; waar bessi Pain in the A...
Ech huelen keng Kaarten méi aus engem aaneren Apparat an main, an den Gerry mecht daat och net, well ...
Ech haat eng S50 wou ech ca. 1600 Fotoen gemeet haat. Op menger EOS haat ech der ca. 1300, haat dun d'Kaart vun der S50 an d'EOS gemeet, an schwups waar main Compteur op der EOS op 1600 (ouni et kennen reckgängeg ze maan).
Daat stëmmt schon waats de sees. Dei Zuel am Numm vum Fichier seed unsech naischt aus. Mee ech orientéieren mech oft drun.
Déi richteg Unzuel un Ausléisungen fënns de an den Informatiounen vun der Kamera erem an net am Numm vun der Datei.
Eppes waat geed daat ass, wann deng Kaart aus engem aaneren Apparat méi eng kleng Zuel hued, dann gedd se ropgeschrauft op déi Zuel wou d'Kamera hued. Emgedreint gedd d'Zuel vun der Kamera eropgesaat
Wéngst dem DRI hues de all Eck, all Fenster, etc schéin ausgeliit. Ech huelen un dat den Schleier ennen en Auto ass den lanscht gefuer ass. D'Schieder vun de Beem gefaalen mer extra gudd. Tjo, d'Entzerrung, bei 24mm huet do jidderen seng Problemer mengen ech, oder?