Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Schlern

 
Schlern
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (19.07.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.07.2012
  • Gekuckt:
    75725
  • Favoriten:
    12 (Wen?)
  • Kommentarer:
    55
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    565 KB
  • Originaldatum:
    29.06.2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D Mark IV
  • Programm:
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70mm f/2.8
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65053]
Kommentar vum Fotograf:
Den Schlern an d'Seiser Alm am Géigenliicht ... 3 Biller fräi Hand
gloda 15.07.2012 - 22:03
An de Bierger an Hiwwelen klappt Beaarbechtung gutt. An de Wolleke lénks gefält se mer awer net.
Schluck 15.07.2012 - 22:09
Ok, kann's de mer w.e.g. soen wat nët klappt ... nach zevill ?
gloda 15.07.2012 - 23:12
D'Bild ass frëndlech, mä d'Wolleke wierke bedreelech. An während s de am Rescht vum Bild nach eng Zort Realismus dran hues wierkt et onbalancéiert dass d'Wolléken esou däischter sinn.
Schluck 19.07.2012 - 13:08
Hun nach ee bëssen entschärft ... huet een ëmmer d'Tendenz zevill ze machen
svenbenz 15.07.2012 - 22:18
Ech fannen d'Foto huet eppes, vill Landschaft, an eng Vue wéi an engem Billerbuch smile . Kritt een richteg Loscht op Natur, an als "Frischling" (och wann ech schon länger héi registréiert sinn fehlt mer nach Know-How) och de Wonsch ze wëssen mat wéiengen Tipps & Tricks esou eng Foto geléngt.
Schluck 15.07.2012 - 22:36
Dat do ass een HDR aus 3 Biller, ët woar schon eng ganz speciel Luucht den Owend ... d'EXIFën misst ech lo nach eng keier kucken ... misst eng Blend 14 sinn oder sou ongefeier
Gaga 15.07.2012 - 22:30
Eng phantastesch Foto vun enger berauschender Landschaft ... wei den Gloda schon soot sin t'Wolleken e bessen ze düster fier mein Gout. Mais wierklech stark daat do !

Schluck 15.07.2012 - 22:33
Ok, kucken dat nach eng keier ... den JC sot dat och schons an hat schon ee bëssen erausgeholl mais wuel awer nach nët genuch ... den Himmel woar zwar och immens düster
jHi-3mM 15.07.2012 - 22:37
Staark déi Foto; ech wetten, bal méi schéin wéi d'Wierkléchkeet. smile
Schluck 15.07.2012 - 22:46
Den Bierg ass immens mystesch, ech ginn ëmmer rëm gaer dohinner an dës kéier woar déi ganz Woch eng speciel Luucht .. mat dem Wierder woar ët Owes ëmmer kommech ... Merci gesoot

Plattkofel
jHi-3mM 15.07.2012 - 22:54
Jo, d'Natur ass e groussartege Kënschtler.
Déi kann ee nëmme kopéiren, sou gudd et geet. Mee si ass engem ëmmer neess e Stéck viraus.
Schluck 15.07.2012 - 22:56
Jo, du sees ët ... fir mech ass ët ëmmer rëm schein hier Schéinheet festzehaalen
gemu 15.07.2012 - 22:41
Wonnerschéin verstrahlten Landschaft. Genial mat denen Kontraster
Schluck 15.07.2012 - 22:48
Merci gemu, jo, hat gehofft dass déi herno géifen sou rauskommen
gi87 15.07.2012 - 23:40
Esh fannen Foto ass wiekleg Top, an fannen se gut ausbalanceiert wat Harmonie an "Bedrohung" ungeht, Super verschafft Schluck !
Schluck 19.07.2012 - 15:00
Merci Gianni, ass ët ëmmer einfach d'Balance tëschent flott an "too much" ze fannen
Nathalie 15.07.2012 - 23:57
Mier gefällt et immens gut Schluck, ass immens flott verschaft an ass en scheinen kontrast mat deenen scheinen rouegen bierger an weiden an dann dei bedrohlech woleken wou sech awer d'sonnerduerchzwengt. Ganz flott. top smile
Schluck 19.07.2012 - 15:00
Och dir een décken Merci, dass schon nët sou einfach sou eng Stëmmung erëm ze ginn ouni direkt ze iwwerdréiwen
alex 16.07.2012 - 00:04
wow, super, Schluck smile
Schluck 19.07.2012 - 14:58
merci alex smile
Arbi 16.07.2012 - 08:20
Wow, super Stemmung ! Exzellent agefaang Schluck !
Schluck 19.07.2012 - 14:58
Merci arbi, freet mech
Zora 16.07.2012 - 09:00
wans de lo nach daat kräfteg Gielt en beschen reduzéierst sin ech och zefridden!!!
Schluck 19.07.2012 - 14:56
Hunn se nach eng keier frësch gemach an dat gielt och reduzéiert ... hoffentlech bass de lo zefridden ... Hex
Zora 19.07.2012 - 15:56
Deck zefridden , elo fleien ech och mam Biesem dodurchclosed_eye
Zodiac 16.07.2012 - 10:12
Eng schéin Géigend super festgehaalen. Ech war bis elo just emol am Wanter do.
Schluck 19.07.2012 - 14:59
An ech just am Summer, muss awer onbednegt och eng keier amn Wanter dohin... merci
Zodiac 19.07.2012 - 21:08
kanns gudd do ski fueren smile
chrYstal 16.07.2012 - 18:21
Ganz flott Foto, schéi verschafftclosed_eye
Schluck 19.07.2012 - 14:57
Merci chrYstal
Jeanny 16.07.2012 - 20:16
geseet super aus, bal onwierklech, eng Draamlandschft oder ass et Paradies
Schluck 19.07.2012 - 14:57
Merci Jeanny, hun se nach eng keier néi verschafft
desi 17.07.2012 - 21:21
dat ass en schein landschaft super foto smile
Schluck 19.07.2012 - 14:56
Merci gesoot desi
Abacab 19.07.2012 - 01:30
Kann se leider nemmen um Ipad kucken, sinn de Moment am Süden vu Frankräich ennerwee, mee des Foto spiegelt schonns eng extravagant Stëmmung zereck. Gefält mer super!
Schluck 19.07.2012 - 14:56
Merci Abacab ... wëll och an den Süden vu Frankräich unhappy
JZ 22.07.2012 - 22:31
Superschein,wei an enger irrealer Welt.
Schluck 22.07.2012 - 22:38
Merci JZ, sinn nach ëmmer mat der BEA hin an hier gersass ... bis ech déi sou hun wéiech se wierklech gaer hät vergeht mengen ech nach eng Zäit
JZ 22.07.2012 - 22:47
einfach mol puer Deeg rouhe lossen.
Jeanny 23.07.2012 - 06:40
gratuléieren dir Schluck
Schluck 23.07.2012 - 09:59
Merci gesoot Jeanny, bei der héi fréeen ech mech och richteg driwwer
NikonD80 23.07.2012 - 11:12
Gratulatioun och vu mir
Schluck 23.07.2012 - 21:34
Villmols merci gesoot
gemu 23.07.2012 - 11:50
Ech gratuléieren fir d'Wochenfoto
Schluck 23.07.2012 - 21:35
Een decken merci gemu
Fennec 23.07.2012 - 12:49
exzellent, gratuleieren
Schluck 23.07.2012 - 21:35
Villmols merci, freet mech
Zora 23.07.2012 - 16:22
geseis de huet sech gelount se ze änneren, gratulation!!!
Schluck 23.07.2012 - 21:36
Jo, wees awer nach nët ob dat fir mech déi definitiv versioun ass
Zora 23.07.2012 - 22:16
nee bestemmt netsmile
Poly 25.07.2012 - 17:29
bravo Schluck du hues verdéngt gewonn smile
Schluck 14.08.2012 - 16:23
Merci Poly, fir déi hei woar ech och immens frou
orlok 04.08.2012 - 20:32
Schéin Landschaft.
Schluck 14.08.2012 - 16:23
Jo, ass ob der Seiser Alm, Süd Tirol
m-otiv 28.01.2013 - 21:56
wow

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 474 Gäscht online