Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

La Vespa

 
La Vespa
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.06.2012
  • Gekuckt:
    16013
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    500
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x1200
  • Späicherplaz:
    551 KB
  • Originaldatum:
    2012:06:25 20:33:21
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    AF-S 105mm f/2,8 G Macro
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=64565]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hätt ni geduecht, datt den 105 mm Macro mir sou vill méi Freed géing maache, wi de 60mm Macro.


Klicken, w.e.g., fir d'Detailer ze gesin.
gi87 25.06.2012 - 21:13
Flot festgehaalen awa esh hätt hei Blend net esou kleng zougemach, well esh fannen et isoleiert schlecht de Sujet vum Hannergrond leider. smile
Nicon07 25.06.2012 - 21:28
Du hues bestëmmt net onrecht, mais ech denke mir, datt bei méi offener Blend, d'Harespel, ëm déi et mir hei geet, net genuch Déifteschärft hätt. An ech weess net, ob bei manner Schärft den HG vill aanescht gewierkt hätt.


Merci
gi87 25.06.2012 - 21:36
Also den Detail ass schon beandrockend ! Gefällt ma immens ! Jo dat stemmt mat enger f 4 wieret wuel net deurgangen op deier Distantz zum Sujet, dat ass Wouer, kloer den Offstand vum Hannergrond Spillt och vill mat op deen no oder weit ewesch ass smile
Nathalie 25.06.2012 - 22:01
Gefällt mir ganz gud, ass en flotten detail dran. hett just probeiert d'isorauschen en tick erofzeschrauwen...falls dat meiglech wier... closed_eye
Nicon07 27.06.2012 - 15:57
Dat Rauschen hat ech och mam blur-tool probéiert ze ënnerdrécken, awer dat war an der éischter Verarbéchtung. unhappy Hei hun ech et vergiess ze maachen. Mais kuck, wann ech elo ee Film gehat hätt, wier och Rauschen dra gewiescht... closed_eye
Nathalie 02.07.2012 - 22:17
Aha wat vergiess gin ass muss no geholl gin... smile
Analog hun ech nie geknippst, ausser aus kand...
an di zeiten sin leider och soulues eriwer.... closed_eye
Nicon07 03.07.2012 - 17:44
Wanns du déch op Macro spezialiséiers, da bleif bei digital.... Ech hun ee Verméige verknipst fréier, fir heiansdo eng scharf an net verwackelt Macrofoto analog ze kréien. smile
Nathalie 03.07.2012 - 20:16
Oh ech bleiwen definitif op digital, analog ass guer net meng welt .... closed_eye
galileo 25.06.2012 - 22:02
Ass den Ennerscheed dann esou grouss ? Hätt ech dann och elo nët geduecht.

Klär mech mol op...closed_eye
Nicon07 26.06.2012 - 15:15
Do brauchs net sou no bei de Sujet ze goen fir 1:1 vergréisseung ze kréien an da fléien di Dénger net sou séier fort; di Lëns ass nach een Tick méi scharf wéi de 60mm an de VR mécht, datts du och nach mat 125stel Sekonn verwackelungsfräi knipse kanns... closed_eye
majolifa 25.06.2012 - 22:43
wow schein
Nicon07 27.06.2012 - 15:53
Merci villmols!
gtaddei1 26.06.2012 - 12:18
Fantastesch
Nicon07 27.06.2012 - 15:54
Jo, di Déiercher hu schon eppes Fantastesches u séch. Merci!
Fennec 26.06.2012 - 15:46
awer super geroden, knackscharf, fantastesch
Nicon07 27.06.2012 - 15:54
Och dir een décke Merci gesot!
p-foto 27.06.2012 - 13:19
Och wann et immens schéin Déiercher sin, hun ech se trotzdem nët immens gaer.
D'Foto as super gin.
Nicon07 27.06.2012 - 15:55
Wann een se net provozéiert, dann din se engem näischt! smile
p-foto 28.06.2012 - 10:27
Sie provozéieren mech ëmmer ! smile
jorsch 27.06.2012 - 16:47
Super Foto, ganz schaarf, mä mir gefalen d'Faarwen am Hannergrond och immens gutt! Souguer ouni Harespel hätt se hire Charme!
Nicon07 28.06.2012 - 15:47
Merci jorsch
desi 29.06.2012 - 20:36
Dei Haarespel hues du wonerwonnerwonnerschéin geknipst,an se as esou schéin no,so no hun ech nach nie esou eng Harrespel gesin an dei gefällt Mer smile smile smile
Nicon07 02.07.2012 - 11:06
Në! Dat sin am Fong schéin Déiercher. closed_eye
desi 15.07.2012 - 16:23
dei vesp geseit en gans gans gut waat mer un der foto gefellt ass ,dass en dei buschten gut geseit,mach weider esou flot fotoen smile smile
Ferdl 15.07.2012 - 16:29
Wonnerbar Foto smile
jHi-3mM 15.07.2012 - 17:59
Wonnerbar geroden, sou däitléch, dat een all eenzelne Buuscht erkennt.
Mee ech hunn se léiwer wäit ewech op Dénger Foto wéi hei bei mir op ménger Gebeesseschmiir. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 362 Gäscht online