Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

akrobatesch Nektarsammelen

 
All Fotoen an dëser Serie:
28151 Thumbnail
28152 Thumbnail
28153 Thumbnail
28154 Thumbnail
28155 Thumbnail
akrobatesch Nektarsammelen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.06.2012
  • Gekuckt:
    17507
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    16
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
2. Kategorie: Déieren »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=64521]
Kommentar vum Fotograf:
ee Bommel haut de Moien an enger iris bei eis am Gaard
Jean-Jos 24.06.2012 - 12:50
Wahnsinn déi Serie, Nico, déi 2. ass staark!
Nicon07 24.06.2012 - 20:36
Merci! Ech war zwar och frou, datt ech di Fotoen do sou gudd geroden hun. Et war jo nawell lëfteg haut, och schon de Moien, wéi et nach net gereent huet, an ech hu relativ spéid gemierkt, datt ech "nëmmen" 1/125 agestallt hat. Do huet de VR vum 105mm Macro gudd Dingschter geleescht. (Och wann deen d'Bewegunge vum Sujet durch d'Loft net kompenséiert)

smile
Jean-Jos 24.06.2012 - 21:14
Ech hun op méngem Sigma leider kee stabilizer.
suraki 24.06.2012 - 13:31
eng super Serie Nico !
Nicon07 24.06.2012 - 20:37
Merci, Ed!
Jeanny 24.06.2012 - 16:01
a mat der Kamera nogekrochen Nico
eng top Serie
Nicon07 24.06.2012 - 20:37
Ech louch zwar net um Bauch, Jeanny. An d'Huppe goen ass duergaangen... closed_eye
Photom 24.06.2012 - 16:19
Salut Nikon07

Ech kann mech nëmmen deene aneren uschléissen.

Flotten am Detail mat engem gudde Kontrast. Dat géif an e Biologie Buch gehéieren smile Déi 3 Foto gefält mir immens gutt. De Pollen kënnt esou flott zum Virschäin.
Nicon07 24.06.2012 - 20:39
Merci! Ech si frou, wa méng Fotoe pädagogesche Wert hun. smile

A wann ee Biosprof hei op PG Member ass, an hie wëllt di Fotoe fir a séngm Cours weisen, dann dierf hien dat mat rouegem Gewësse maachen.
jps 24.06.2012 - 20:12
Ganz flott Serie, déi Bommel huet wirklech grendlech geschafft smile
Nicon07 24.06.2012 - 20:40
Dee war jo och sou schwéier, datt e bal net aus der Blumm méi rausgekroch koum. Dofir hänkt e jo sou do op der 4. Foto.
jorsch 25.06.2012 - 16:38
D'Bommel quetscht sech tëschent déi zaart Bléi vun der Iris: Immens flott Macro-Opnamen, besonnesch 2.
Nicon07 27.06.2012 - 15:59
Merci, jorsch.

Als spezialist vum Fach weess du jo och, wat et heescht, sou eppes wéi dat hei sou ze geroden. smile
Ferdl 05.07.2012 - 19:54
Wonnerschéi Serie! smile
Nicon07 06.07.2012 - 22:39
Merci villmols. An och fir de Favorit.
Ferdl 06.12.2012 - 21:53
Mach esou weider smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 400 Gäscht online