Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Den Himmel ass just do driwwer

 
Den Himmel ass just do driwwer
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.06.2012
  • Gekuckt:
    62330
  • Favoriten:
    14 (Wen?)
  • Kommentarer:
    91
  • Beliichtungszäit:
    1/40
  • Blend:
    f9
  • Brennwäit:
    50mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    230 KB
  • Originaldatum:
    2010
  • Fotoapparat:
    Canon 5 DMK2
  • Programm:
    AV
  • Objektiv:
    24-70 f2.8
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=64373]
Kommentar vum Fotograf:
http://www.youtube.com/watch?v=iG_lNuNUVd4

E Buddhistischen Mantra ... ech fannen dass dest gudd bei dest Bild vum Himmalaya passt.
micky-maus 17.06.2012 - 20:43
Waaaaat eng Foto !!!!! Mei wees ech net dozou ze soen...
gtaddei1 17.06.2012 - 20:51
Daat as net wichtesch... et ass jo fir ze kucken
Maimonides 18.06.2012 - 00:06
Ech hun do e bësse gezéckt, Gennaro,
fir dat hei ze weisen:

http://www.youtube.com/watch?v=QwW_sN_KDDk&feature=related

...mais Grandios ass grandios !
gtaddei1 18.06.2012 - 09:47
Effectivement Charel... Grandios ass grandios an allen hinsichten... awer emmer nés choral
Maimonides 18.06.2012 - 21:22
...an heiansdo och eng Foto !!
gtaddei1 19.06.2012 - 12:24
dei dobai passt ! smile
Zora 17.06.2012 - 20:45
Himalaya.... majo dann!
gtaddei1 17.06.2012 - 20:51
Jo... aus engem Fliger...
mischii 17.06.2012 - 21:04
Boaah, waat eng Stëmmung, ech hun dat elo e puer Minute mam Mantra wierke gelooss, et deet gudd!!
gtaddei1 17.06.2012 - 21:17
Genau daat wollt ech ... e bessi fridden am Géscht brengen an délen
mischii 17.06.2012 - 21:19
ma ech soen Dir merci, genau daat brauch ech fir de Moment
gtaddei1 17.06.2012 - 21:21
fir eierlesch ze sinn ech och
Jeanny 17.06.2012 - 21:07
an dat kréien ech bestëmmt net hinsmile eng herrlech Foto Gennaro, däi Faarftéin, an den Donscht iwwer der Landschaft, an du op 10000m héicht, oder?
gtaddei1 17.06.2012 - 21:17
Ech waa op 10000 meteren an nach awer konnt ech dei bierger baal uppacken... ech haat de mond staennesch op... ech herrleschkét
suraki 17.06.2012 - 21:32
ech schreiwen elo express neicht heihinner closed_eye
gtaddei1 17.06.2012 - 21:36
Ah sou! Firwaat net?
suraki 17.06.2012 - 21:50
wann ech d'Bild schonn favoriséieren ... muss ech der net soen dat ech se richteg gutt fannen. A wat gutt dorunner ass, muss ech der och net soen dat weess de selwer closed_eye .... hun ech elo awer eppes geschriwwen ? .... mmm
gtaddei1 17.06.2012 - 22:08
Merci ed... Ech hun mir daat geduercht wouste se gefaved haas. Du wees jo dass daat bei mir , vun dir , eng referenz ass!
suraki 17.06.2012 - 22:10
smile
Abacab 17.06.2012 - 22:00
Wow... wat eng Foto!
gtaddei1 17.06.2012 - 22:09
Merci villmols! ... Et ass ganz leif vun der
gi87 17.06.2012 - 23:05
Flott Gennaro, fannen se immens flott, hastet och probeiert am S&W ?
gtaddei1 17.06.2012 - 23:06
Jo , mee muss nach e bessi drunn schaffen, ech spieren dei nach net am sw, ech hunn nach zefill faarwekontraster am kapp
Thx fir de fav
gi87 17.06.2012 - 23:08
Duerch dei Farwen am moment wiekt se ebessen onnatierlech, leit och vlait drun dass en soueppes och net all Dach gesait an dofir meng froh mam S&W smile
gtaddei1 17.06.2012 - 23:20
D faarwen waaren nach mei satureiert, hunnse desatureiert. De fotoapparat get daemlech mamm weissoofgleich. Et ass just e velvia entwecklung, an der wb ass manuell.
gi87 17.06.2012 - 23:43
Ah ok smile
Nathalie 17.06.2012 - 23:18
Ganz flott GennRo. Gefällt mer gud, huet sou eppes berouengendes...do weillt een lo geren sin...
gtaddei1 17.06.2012 - 23:22
Jo , mee immens kaal smile
Et ass mei fir ze drémen an d gefiller fleissen doen
Nathalie 17.06.2012 - 23:35
Wei kaal wuar et dann?
Dat ass och eng schein meiglechkeet....
gtaddei1 18.06.2012 - 09:46
MA ech war am Fliiger ... mé op daerer heischt vun Bierger sin et awer liischt -60
Jo daat ass gemét fir esou no ewei meiglesch vun gott e kommen ouni la tour de Babel ze sinn smile
Nathalie 18.06.2012 - 12:56
Oh jo do wuar et definitif och besser am flieger ze bleiwen...
-60 brrrr closed_eye
lol jojo
gtaddei1 18.06.2012 - 18:42
smile
Poly 17.06.2012 - 23:37
onwahrscheinlech impressionnant a staark foto
gtaddei1 18.06.2012 - 09:45
Jo du sés et ... ech war impressionneiert ... waat ais Aerd ais hai an do ze gesinn dét... Gott (ou qui pour lui) war schrecklech gudd inspireirt
Miisamm 18.06.2012 - 06:40
Uh schein smile. Gaaanz schein smile
gtaddei1 18.06.2012 - 09:44
Merci ... fir de Uhhh --- haat fir deng WF gewielt ...
Miisamm 18.06.2012 - 16:06
Yeah! Merci! smile an bis e sonneen smile
Miisamm 18.06.2012 - 16:06
Yeah! Merci! smile an bis e sonneen smile
gtaddei1 18.06.2012 - 18:42
An matt plaiseier ... hun esouguer meng Canon 5D mk3 (soss haat ech keng kritt!)
Miisamm 18.06.2012 - 21:35
Cool da gesin ech dat Beast och mol live smile
gtaddei1 19.06.2012 - 12:24
Net vill besser ... muss mool kucken wei dei gét selwer
Fennec 18.06.2012 - 08:56
Ganz schein, has de en Verlaffilter drop?
gtaddei1 18.06.2012 - 09:41
Né... état brut... war um Fliiger iwert de Paradäis
Hun der e puer esou e bessi aneschters nach ewei dess... Ech hun se elo eremm entdeckt... konnt dei net esou verschaffen virun 11/2 Joer
jps 18.06.2012 - 10:08
D'Bild mat der Mantra, do kënnt een un d'Meditéieren.
Merci fir de flotte Moment Gennaro !
gtaddei1 18.06.2012 - 10:29
De greisste Merci ass net WF , net de Fav (opschons et plaiseier mecht ouni an d'Houfreschkét eriwer ze stolperen) mé d'Gefiller dei évokeiert ginn... dann sinn ech frou epes susciteiert ze hun...
Merci och
Miau 18.06.2012 - 10:56
Herrlech Bild Gennaro, thanks for sharing...
gtaddei1 18.06.2012 - 11:34
Ma villmools merci och ... fir dest ze kucken an ze apprecieieren
jorsch 18.06.2012 - 15:23
Nëmme ganz schéin.
Weltentrückt!
gtaddei1 18.06.2012 - 18:41
MErci Jorsch...
galileo 18.06.2012 - 20:32
Ech fille mech zimlech kleng...elo esou hei viru mengem Ecran...

Grandios Landschaft !
gtaddei1 19.06.2012 - 10:17
Merci villmools
suraki 18.06.2012 - 21:52
dat doten ass eng Sënn eis d'Wochefoto mat nëmmen 800 Pixelen ze weisen closed_eye
gtaddei1 19.06.2012 - 10:17
Oh ech mengen des geif och 30x45 cm packen
Kilroy1313 24.06.2012 - 13:37
Voilà, d'Wochefoto! Fir mech emol.

Ech muss dozou awer soën, datt déi Kéier d'Moyenne vun de Foto-Kandidaten ganz héich ass - lauter Top Foto'ën. closed_eye
gtaddei1 25.06.2012 - 00:09
De Choix waar schweier ... All Foto war eng WF... ech haat meng grousse favorit an hunn et gewielt
Kilroy1313 25.06.2012 - 10:40
Esou, da bleiwt mer jo elo jhust nach Dir ze félicitéieren ! smile
gtaddei1 25.06.2012 - 15:20
Ben ... merci ... doubel frou dass d'Kokurenz haard war ... mé et dét mir léd fir meng Fav
Kilroy1313 27.06.2012 - 22:45
Jo, déi ass schons staark, déi mam Vulkan !
Jean-Jos 24.06.2012 - 13:40
Déi hat ech verpasst. Gutt Gennaro (a Merci Killroy, durech dech hun ech se entdeckt)!
gtaddei1 25.06.2012 - 00:08
Merci villmols
gtaddei1 25.06.2012 - 00:08
E ganz grousse merci fir dess Foto ... als WF gewielt ze hunn.
Sie bedeit mir schon vill.
Merci villmols
Poly 25.06.2012 - 08:45
grad just dann meescht et freet, wann och anerer gefalen dru fannen smile
gtaddei1 25.06.2012 - 15:23
Merci villmols! aus den Haerzen
Miisamm 25.06.2012 - 00:28
Aaah, dat bild ass e genoss smile. Ganz schein.
gtaddei1 25.06.2012 - 15:19
Merci Sandro! Et mech ir plaiseier
Jeanny 25.06.2012 - 06:59
Ech gratuléieren Dir zur Wochefoto Gennaro
gtaddei1 25.06.2012 - 15:19
:I haat fir deng gewielt an gehofft dass se geif gin ... et war mat denen beschten
Jeanny 25.06.2012 - 19:19
an ech fir dengsmile
gtaddei1 25.06.2012 - 19:45
Ma dann sin mir ais éns.
gemu 25.06.2012 - 07:45
Gratulatioun zur Wochenfoto, déi ass wirklech Top am dueblen Sënn vum Wuert
gtaddei1 25.06.2012 - 15:18
Merci villmols... haat chance
desi 25.06.2012 - 07:54
Felicitatiounen fier Wochenfoto smile
gtaddei1 25.06.2012 - 15:18
Merci desi... et ass net wichtesch eng Wochefoto ze hunn mé et mecht plaiseier wann én eppes kommunizeiert kritt. Denk drun, d'Foto sollen dir gefaalen an daat matdélen
Zora 25.06.2012 - 09:19
bigsmile bigsmile bigsmile
gtaddei1 25.06.2012 - 15:16
smile ... kenn net dofir
Zora 25.06.2012 - 17:08
Wuar keng Reproche, gud Fotoen sollen belount gin!
gtaddei1 25.06.2012 - 19:47
Ma jo ... hun daat jo net als reproche opgeholl.
Ben elo muss ech mech awer forceieren net houfresch ze gin... fehlen dann an modestie
kruemelatease 25.06.2012 - 11:49
Gratulatioun! Verdéngt !!!
gtaddei1 25.06.2012 - 15:16
Merci villmols fir den Fav och!
suraki 25.06.2012 - 16:31
sot ech dach smile smile
gtaddei1 25.06.2012 - 19:46
Ech hun net fir mech gewielt smile...
Merci Ed villmols!
Gaga 28.06.2012 - 15:06
Hei as jo alles gesoot gin, wanns de se weinstens nach an enegr besserer Quali geifs weisen ... dann wier ech nach mei frou closed_eye
gtaddei1 28.06.2012 - 20:12
An enger besser Quali? Ok , mé wei maachen ech daat
ClaudeR 27.07.2012 - 23:21
absolut TOP
gtaddei1 29.07.2012 - 08:35
merci villmols
Carol 23.08.2012 - 14:34
Ech well dohinn!!!
gtaddei1 03.11.2012 - 11:20
Let's go
Baba 02.11.2012 - 10:33
Félicitatioun nodréiglech.
An WOW fier daat wonnerschéint Bild.
Daat ass bestëmmt do wou den Reinhard Mey mat sengem Lidd mengt:
"Über den Wolken muß die Freiheit wohl grenzenlos sein.
Alle Ängste, alle Sorgen, sagt man,
Blieben darunter verborgen und dann
Würde, was uns groß und wichtig erscheint,
Plötzlich nichtig und klein."
gtaddei1 03.11.2012 - 11:21
Ech mengen den Mey woor do fir daat Lidd ze componeiren
Merci fir de Wow
Pollux_ 02.04.2013 - 01:33
Genial !!!!
gtaddei1 03.04.2013 - 16:58
merci...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 289 Gäscht online