Och ganz flott, et ass ewei am Liewen, iwer vill Weer kann en zu sengem Ziel kommen, dat ass dat wat mir dei Foto seet wann esh se betreuchten.. Vun da Qualiteit hier top, schein Schärft, Lichstrahlen heuste gudd Festgehalen wat dem Bild en flotten Touch get, an Perspektiv niedreg iwer dem Beuden ze wiellen wor och ganz gudd vir de Kadrage ! Top
GI87: iwwert vill Weeër zu engem Ziel ... awer et ass nëmmen én de Riichteschen , ... mé dëst Bild kéint de Zesummegoen symboliséieren waat mir an der Politik, am Liewen, emmer méi nees brauchen, an dat méi ewéi soss.
Cf Griechenland, Portugal, Spuenien, Irland an mir selwer (als én vun de reischten Länner vun der Welt.
Merci fir dein komment
Stemmt aus dem Bleckwenkel gesin gin ech da recht, an do passt dat Bild immens dodrober..Hmm, esh hoffen dass Politik sech esou och an denen nexten Joeren entweckelt, well esoss wärten ma nach vill Problemer op Europa zoukommen gesin. Noperläner hun Krise schon gespeurt, an hei zu Letzebeurg wärt ze reicht unfänken, An dann get Letzebeurg och op eng haart éreuve gesat, an dann mussen ons Politker weisen wat se kennen...
Ed... Ech sin an enger Stroos op d'Welt komm dei 10 Meter vun der Bunn luch ... dann sin ech opgewuess mam Kaméidi vun de Rangeierlokken vun de Péitenger Atelieren an mein Papp war Accrocheur ... Ech kennen näischt vun Zich awer dei faszinéieren mech vill
An ... d'Bild ? Grain, désatureiert Faarwen ... Né?
ech hun do an der rue Bommert gewunnt bis 12Joer, eng Stroos wou uewen d'Linn Rodange-Stad luch, ech hun awer an der Mëtt vun der Strooss gewunnt, kruut bessi manner Kaméidi matt
komescherweis sin daat Linnen déi fir mech auserneen gin
Rue des jardins ... bei de Bim eropp... N 164 ...
Ah ... d'Linnen dei ausernén gin well du dann emgekeiert kucks, du gessais daat waat dir entgeint kennt...
Well et mei einfach ass net frei ze sinn ... gléf mir... daat ass esou... oder kén well sech selwer nemmen d'Schold gin ... et ass emmer én aaneren do wou mir ais Schold déchargeiren