Déi erennert mech lo bessen un déi Foto déi d'Kleent geschter hei ropgelueden huet ...
Flott fannen ech hei d'Schärftenverdeelungen, Cadrage ass eben och rem bessen méi speziell mee gefällt mer awer och gudd sou.
Ganz appart, a besonnesch eloquent well se s/w as. D'Déifteschärft as just do wou se soll sin, an di onscharf Passage sin esou, datt se d'Rahmenhandlung beschreiwen ouni séch an de Viirdergrond ze drängen. Flott.
Ganz schéint Motiv, exzellenten Cadrage an ganz passend Bildformat, kéint esouguer nach méi héich sin an dann wier ët och een immens flotten Panneau, fir z.B. op eng schnéiwäiss Mauer.
Ganz modern am Design! (puristech?)
(Vir ënnen lénks kéint den Blummenknapp villäicht eng ganz kleng Grëtz méi schaarf sin, awer nach onschaarf bleiwen)
Och hei, eenlech ewei beim Kleent, geet et der Saach anescht un de Bauch. Vu dat se nach méi monochrom ass bleiwt een méi um Wesentlechen hänken. An de Wand kennt bestemmt...