Gefält mer! Déi an der Mëtt ass am beschte gelongen. Wann ech dat richteg verstanen hunn ass den Trick bei der Saach vun den beliichten Beräicher ewech an an de Schiet eran ze pannen fir dass de keng Sträifen op, z.B., d'Gesiicht kriss?
An... wat huet e Snickers op engem Blëtz verluer?
daat mam Panning stemmt wanns de den Bletz um 1ten Shutter ausléis. Den Bletz op "rear" bei Nikon iwwerschreiwt, wann Info vum Panning net ze hell war, d'Ambient Luucht.
Nächst Woch experimentéieren mer ähnleches am Owens Spëtzen Verkéier an der Stad. Thx for the Likes.
Immens opwullend Biller durech d'Faarw an den Effet an dem Model séng immens Expressioun.
Ech staunen, wann ech däi PS liesen. Staark!
Méng Stëmm hues de
Merci JJ, un Wochefoto glewen ech net an desem Fall. Bei sou genre Biller scheiden sich die Geister. Du empfends se awer ähnlech wéi ech; besonech wäll et en hardware effet as. Expressioun vum Model spillt awer och eng grouss Roll.