Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Temptations

 
Temptations
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.01.2012
  • Gekuckt:
    16886
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    31
  • Beliichtungszäit:
    1/125
  • Blend:
    f9
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    Jo
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    611 KB
  • Originaldatum:
    22.01.2012
  • Fotoapparat:
    Canon 1D MK4
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    24-70 f2.8
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=61657]
Kommentar vum Fotograf:
...
Jeanny 25.01.2012 - 06:27
Den Apel fir Schneewittchen, mäin éischte Gedanken Gennarosmile
eng super Idee a wonnerbar verschafft, sou eppes hunn ech gären
gtaddei1 25.01.2012 - 12:30
Merci Jeanny... mais d'Eva haett mir besser als Numm gepasst ...
Tentations ... dei récht dir e flotten rouden Apel , e leift medchen en plus mét daat (dann hellt én daat mei einfach un)... mais sein Gëscht muss net esou limpide sinn ... an daat gesait én an sengen nach scharfen Aan ... INtention du photograph.
Waat haelste dofun?
Jeanny 26.01.2012 - 06:48
hu net un Eva geduecht Gennarosmile
wann s de esou e schéine rouden Apel dohinner gehale kriss, bleift däin éischte Bléck um Apel hänken, da kucks de op Persoun , a gesäis e verschwomme Gesicht mat schaarfen Aen, ech mengen ech giff den Apel net huelen, wier mir schonns onheemlechsmile
gtaddei1 26.01.2012 - 12:49
Mé du gés do ewei eng Informeierten Roudkaeppchen drun... mé stell dir fir du haess dei Kultur do net ?
Wei haett ech et gemét? Et haengt dofunnen of op ech honger haat oder net.
Maimonides 26.01.2012 - 21:43
Stell dir mol vir, Gennaro,
du géifs zum "Ève la Séductrice" soën:
"Nee Merci, ech hätt léiwer Kompott" !
closed_eye

Top Foto.
gtaddei1 26.01.2012 - 23:16
An wien geif d'Kompott dorausser maachen?
An d'Kompott ass och en Aapel... Uhhh
smile
Maimonides 27.01.2012 - 19:44
An d' Zora géif soën:
"Typesch Mann,
deen huet well rëm näischt verstan".
closed_eye
gtaddei1 27.01.2012 - 21:46
Meiglech ... mé daat sin mir gären Männer ... mé opgepasst op den Daag wou mir alles wëllen verstoen
Maimonides 29.01.2012 - 17:38
Du sees et, Gennaro.
gemu 25.01.2012 - 07:59
Einfach genial
gtaddei1 25.01.2012 - 12:31
Merci fir dei grouss Wieder
Zora 25.01.2012 - 09:38
Top!!!!
gtaddei1 25.01.2012 - 12:31
Uh là ... mé lies emol meng Aentfert beim Jeanny
Zora 25.01.2012 - 13:13
Deng Ausso gefällt mer och besser wei Schneewittchen, waat ech nach esou am Kapp hun ass, en ganz léift Meedchen reecht der en Appel, an wirklechkeet ass et een ganz schlemmen Dämon, deen dech esou lackelt fir mat him ze goen, an ween kann esou engem leiwen Meedchen nee soen!!! Wat häls de dovun?
gtaddei1 26.01.2012 - 12:47
Jo esou ongefeier ... Den Deiwel an allen Ecken ... igidigit
gloda 25.01.2012 - 10:19
Déi do gefält mer ganz gutt, an de Filtrage ass gekonnt agesat ginn. Ech hat eng ähnlech vun dir mat enger gieler Fruucht gesinn déi bei wäitem net esou gutt funktionéiert huet ewéi dës.
gtaddei1 25.01.2012 - 12:37
2 Verschidden Expressiounen tescht dëser an dei mamm Pomelo... hun nach eng ganz beiss mat enger bluddescher Banane (fir eng Ausstellung am Frankreich ... thema: Blumen an Friichten ... ech hunj einfach net faerdesch bruecht konventionell ze sinn... smile)
Wés net ... hun mech mat deser esou ofginn bis ech eppes "surrealistesches" eraus kritt hun dei mei d'Tentation duerstellt an der Idee vum Eva... mat enger Mëttelalteschter Definitioun vun der Fraa (also dei Chrëschtlech Katoulesch Definitioun vun der Fra; le diable dans le corps)... an dofir de gate zum Soul , d'Aan, bleiwen e bessi mei scharf ewei de rescht vum Gesiit.
V'là ... op dat elo esou eriwer kennt ... keng Aanung
Op elo gudd ass ... nach vill manner aanung
Dofir elei eropgelueden fir ze checken op et gefaellt an waat fir eng Kritiken opkommen
gloda 25.01.2012 - 13:40
Dach, d'Iddi kënnt gutt eriwwer. Och grad wéinst dem Filter, deen wierkt ewéi eng Zort Limite, Grenz oder Membran, an d'Fra lackelt deen wou d'Bild kuckt gär op déi aner Säit vun dem Filter.
gtaddei1 26.01.2012 - 12:46
thx
JohnJ 25.01.2012 - 11:30
gefällt mer ganz gutt
Ausser d'Aan fannen ech net gutt dei passen net bei d'Gesiicht
ann dei steieren mech am gesammten.
D'Nues ann alles waat hannendrun ass ass onschuarf dann kennen d'Aan menger Meenung no net esou eraus stiechen
Et gesait aus wei wanns du dei dran kopeiert häss.
gtaddei1 25.01.2012 - 12:39
Du hues recht , mé do ass neischt gepescht gin.. original foto mat texture an kontrast gepiddelt, dourno mat Gradients fir verschidden effekter ze erréschen an vignettage fir d'Pläng ze ennerschéden... Et ass natiirlech net é Portrait ... mé eng recherche.
Op daat elo funktionneiert wés ech net... mé ech sinn e bessi nai an deser Idee
ZerberuZ 25.01.2012 - 12:31
Herrlech dei doen !
gtaddei1 25.01.2012 - 12:41
Merci so
Woillt mol eng aner expressioun ronn kreien.
Meng Intentioun hun ech an dénen aaneren Komments explizeiert
Sutebe 27.01.2012 - 07:07
i like.. flot stemmung an sprecht een wierklech un
gtaddei1 27.01.2012 - 21:47
Merci villmols, bei mengen eischten Versich mat Textur sin ech frou dass et na well gefaellt an de Message och e bessi duerchkennt
Miau 28.01.2012 - 13:12
Eva op den eeschten Blëck Gennaro, di do gefällt mir immens
gtaddei1 29.01.2012 - 21:17
Merci villmols
Nicon07 28.01.2012 - 22:11
Super! Entweder fänken ech elo hei ee Roman u mat schreiwen zu deser Foto oder ech beloossen et beim "Super" a fir de Rescht kucken ech staunend.


Ech maachen dat zweet. Dat seet besser aus, datt mir déng Foto eemoleg gudd gefällt.
gtaddei1 29.01.2012 - 21:17
Merci ... mé op de Roman geif ech awer net verzichten
mischii 28.01.2012 - 23:15
Bei deser Tentatioun ass et awer schwéier fir nee ze soen
hei versteet een den Adam

bravo Gennaro
gtaddei1 29.01.2012 - 21:17
Merci Mischii an Kompliment fir deng Ausstellung... sie ass wierklech der Waert

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 468 Gäscht online