Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Tabletop

 
All Fotoen an dëser Serie:
24693 Thumbnail
24694 Thumbnail
24695 Thumbnail
24696 Thumbnail
24697 Thumbnail
Tabletop
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.01.2012
  • Gekuckt:
    13049
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    26
  • Originaldatum:
    2012
  • Fotoapparat:
    Canon 5D Markll
  • Objektiv:
    Canon 100mm
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=61643]
Kommentar vum Fotograf:
Gespills
gloda 24.01.2012 - 14:24
Flott Iddi. D'Serie gefält mer gutt, d'Stëmmung passt iergendwéi bei dës méi sober Spiller. Just déi 4. dant aus der Rei, ech fannen den Out-of-bounds Effekt onpassend. An der Mëtt ass bei der schwaarzer Figur och e Problem mat der Bildqualitéit, do "frësst" sech purt Schwaarz duerch d'Bild.
Titel: *Tabletop net Tabeltop
Jeanny 24.01.2012 - 19:45
nach eng kéier Merci Gloda, dat freet mech
Zodiac 24.01.2012 - 14:43
Dei Dominosteng wou emfaalen gefaalen mer ganz gudd. smile
Jeanny 24.01.2012 - 19:43
Merci Zodiac, e bëssche Pech hëlleft smile
Zodiac 24.01.2012 - 21:07
et muss een mat allen mettelen schaffen closed_eye
Jeanny 25.01.2012 - 06:22
du sees etsmile
TomEwert 24.01.2012 - 15:37
bei tabletop opnahmen muss du onwarschein op d'schieder oppassen déi duerch deng luuchtsetzung faalen. bei denger haaptphoto (domino) hues du z.b. deng leschten steng (déi ganz riets) déi liicht ofsaufen duerch den schlagschatten vun den steng niervendrun.

nach en klengen rotschlo vun mir ... kuck emmer dass dein tabletop impeccable ausgesait ... produktphotographie ass minimalismus-geschiir d.h. dat heiten ass meckeren op engem "héijen" niveau. deng luuchtsetzung ass gudd gemeet, ech gin dir just nach en klengen tuyau dobai smile z.b. haess du kennen déi riets steng duerch en reflektor liicht ophellen. bei esou opnahmen ass et z.b. och interessant eng plexiglas (propper!!)-plaque ennert d'steng ze setzen fir bewosst mat den spiegelungen vun den dominoen ze spillen.
gloda 24.01.2012 - 16:13
Wann alles propper wier (d'Luucht, den Dësch, d'Steng) krit d'Jeanny e Bild wat vläit méi professionell wierkt mä fir mech hätt déi hei Serie dobäi e bëssen u Charme verluer.
Jeanny 24.01.2012 - 19:40
fir des Fotoen, war et de minimum wat et kann hunn,
en Dësch, groe Pabeier, de Fotoapparat an Stativ, (keng Luucht, kee Blëtz a keng Glasplack) an de Rescht hunn ech am PS verschafft, mir hunn se esou gefallsmile
Soe villmools Merci fir däin Tipp Tom, wäert et och mol esou probéieren, Luuchten an de Rescht hunn ech jo smile
Jeanny 24.01.2012 - 19:42
Jo Gloda, sou gesinn ech et och, et muss net alles Perfekt sinn, wann een sech ze streng un Regelen hält, gëtt all Foto wei eng Uniform, Merci Gloda
Maimonides 24.01.2012 - 20:25
"...wann een sech ze streng un Regelen hält, gëtt all Foto wei eng Uniform...".

Ma dat sees du gutt, Jeanny.
gtaddei1 24.01.2012 - 20:35
Super gesoot Charel
Maimonides 24.01.2012 - 20:52
Dat huet d'Jeanny gesot, Gennaro,
ech hunn et just nach eng Kéier widderholl,
well et mir och esou gutt gefall huet.
gtaddei1 24.01.2012 - 22:03
Ah sou?
Jeanny 25.01.2012 - 06:16
merci dir Zweesmile sou huet jiddereen seng Meenung, an oft ass et dat wat aus der Rei danzt, dat, wat engem am beschte gefält smile
gtaddei1 25.01.2012 - 12:54
Genau daat Jeanny... d'Scheinhét (dei Perfekt) ass oft nemmen é Fehler vu Gott...
Dynax 24.01.2012 - 20:29
Eng flott Serie dei bestemmt vill Zeit kascht huet. Mir huet dei mam Perd et ugedon, well des Photo e weineg traureg wirkt.
Jeanny 25.01.2012 - 06:18
als Gewënner nieft dem Kinnek smile merci Dynax
mischii 24.01.2012 - 20:35
Du hues Deng Aufgab gudd gemaach closed_eye
Den Effekt vum Faalen ass gudd gin, Deng Pechbömmelcher hun hiren Dengscht gemaach
Jeanny 25.01.2012 - 06:21
an hu missen e bëssche schaffen, fir Iwwerreschter ewech ze maachensmile
Merci Mischèle, bis e Freideg
ToPo 24.01.2012 - 20:35
FLott Série a BA. Nr3a 4 gefaale mir besonneg
Jeanny 25.01.2012 - 06:21
dat freet mech, merci ToPo
galileo 24.01.2012 - 22:50
Di 2. ass fir mech déi Bescht - flott gemach !
Jeanny 25.01.2012 - 06:22
och dir en decke Merci.
Miau 25.01.2012 - 21:03
Gudd gespillt Jeanny
Jeanny 26.01.2012 - 06:36
Merci Willy

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 609 Gäscht online