Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

..a Grotéin

 
..a Grotéin
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.12.2011
  • Gekuckt:
    40205
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    29
  • Beliichtungszäit:
    79 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x594
  • Späicherplaz:
    408 KB
  • Originaldatum:
    Oktober 2011
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Formen an Strukturen  
Extras:
ND3 & Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=60820]
Kommentar vum Fotograf:
..wëll ech iech dës gewalteg Gestengswand hei weisen, statesch.., an awer....

Ponte Brolla (Ticino)
suraki 13.12.2011 - 19:55
bohhhhhh ...
Marc huet mer elo d'Schreif verschloen!
marker 14.12.2011 - 18:53
bohhhhh, esou iwwerascht Ed, daat freet mech natierlech, an do soen ech dir dann 2x e grousse MERCI
Maimonides 13.12.2011 - 20:09
Deng Fielsen, marker,
sin top, ganz grousse Kino !

Mais dat 79 Sekonne-Waasser gefält mir nët: dat huet mir nach ni gefall, well dat mech ëmmer un eng Mëllechzopp erënnert. Dat ass awer adg.
marker 14.12.2011 - 19:09
Merci villmools Charel, de grousse Kino mecht mer richteg Freed, mais daat wattéiert Waasser ass natierlech gewolt, awer wéi's de schons bemierkt hues, adg.
Déi iwwerdriwwen laang 79 Sekonne-Beliichtung ass déi logesch Suite vum Grofilter, (- 10 Blenden an dësem Fall)
jorsch 13.12.2011 - 20:44
Deng Fielse sinn immens: Spannend Strukture a flott Grotéin! Ech ginn es net midd!

D'Waasser ass fir mäi Goût e bëssen ze glat ginn, ass bal Niwwel riets. Ass natierlech adg!

marker 14.12.2011 - 19:43
och dir Merci gesoot jorsch, freet mech natierlech.
Bon, d'Waasser esou ze weisen war allerdings mäi But, mais eben adg.
Jeanny 14.12.2011 - 06:31
do bass du net ze schloen Marc, einfach wonnerschéin
marker 14.12.2011 - 19:48
elo iwwerdreiw's de awer Jeanny, ech probéieren ët eben esou gutt wéi ech kann ze machen, méi net

dir ebenfalls e grousse Merci gesoot
Jeanny 15.12.2011 - 07:08
smile neen dat maachen ech net
Poly 14.12.2011 - 08:41
wonnerbar den haarden fiels mat der doucer watt, riichteg wéi agepackt, zwou naturgewalten flott verknëtonguept
marker 14.12.2011 - 19:52
..'zwou Naturgewalten flott verknëtonguept' gefällt mir

e grousse Merci och un dech Poly

gtaddei1 14.12.2011 - 17:32
Superbe foto
marker 14.12.2011 - 20:00
..'superbe' war dës Location, an ech hun ledeglech versicht d'Ambiance hei am Bild ze vermëttelen

..'superbe' ass eng Éier fir mech, Merci beaucoup gtaddei1
Kilroy1313 15.12.2011 - 22:36
Top-Natur Foto: An der Rou läit d'Kraaft !
Kee Fotomodell, mä hei huet d'Natur selwer modelléiert.
Oofgerond' virmools schaarf Linnen.
Eng "Fabrik" vun deene schéine platt geschlaffene Sténg, déi mir esou gäeren iwwert d'Waasser geheien an hinne nokucke wéi se sprangen ...
(Oh, elo gin ech awer gläich ënner d'Pöetten - oh, my dear !) closed_eye
marker 16.12.2011 - 19:50
Merci villmools fir déi flott Wieder Kilroy1313, passt richteg.

Dës Schlucht ass warscheinlech dee flott'sten Eck aus dem ganzen Maggia-Dall, awer enorm schwiereg fir bis erof op de Niveau vum Wasser ze kloteren
Kilroy1313 17.12.2011 - 19:01
Ët weess een dat ëmmer eréischt derno, ob eng Missioun "Casse-Cou" sëch gelount huet. An dann ass ët natierlech gutt, wann ee sëch näischt gebrach huet fir eng Foto ze maachen.
An dësem Fall huet ët sëch gelount !
Jean-Jos 18.12.2011 - 22:15
Genial gro Téin a super flow.
I like this!
marker 19.12.2011 - 19:32
..Merci beaucoup Jean-Jos, an daat direkt 2x ..daat freet mech natierlech, besonnesch fir de Fav.

..ech hun de Kontrast missen staark reduzéieren, an d'Grotéin an dësem Bild hun hun ech ursprünglech fir de Printer verschafft.
Jean-Jos 19.12.2011 - 22:46
Ech weess nët op's de lizenséiert bass, wëll dech awer op d' "16ème Biennale Nature en Norvège" opmierksam machen, wou den Asendeschluss an d'FLPA den 15/01/2012 ass an de sujet "L'eau en mouvement". Déng Biller zu dem Thema géingen do grouss oofraumen, hun ech d'Gefill. LG, Jean-Paul
Kuck hei!
marker 20.12.2011 - 20:20
Leider net, daat do ass secherlech eng intressant Geschicht, ..schued.

Ech soen dir awer op jidde Fall villmools Merci Jean-Paul, fir d'Confiance an de Link

bG, Marc
lux-weimaraner 19.12.2011 - 14:56
wow...
marker 19.12.2011 - 19:33
..och dir Merci gesoot lux-weimaraner, freet mech.
Locke 19.12.2011 - 16:12
Ganz grouss dei do...
marker 19.12.2011 - 19:37
..an dir ebenfalls Merci Locke, daat freet natierlech..!!
mischii 19.12.2011 - 20:13
Bei solche Biller sin ech zwar e Fan vu Faarf, mee ech muss soen, dat hei ass tiptop an sou kann een sech richteg op di flott Strukturen a Linnen konzentréiren
marker 20.12.2011 - 20:26
Merci mischii, Faarf hätt och flaicht gepasst, mais zum Zaitpunkt vun der Opnahm war déi ganz Szenerie praktesch monochrom, ausser flaicht minimal Mascht 'Moos' op verschidden Steng
mischii 20.12.2011 - 23:30
kann ech gudd verstoen
ClaudeR 20.12.2011 - 21:41
am s/w gefällt et mir gudd, ech mengen am farwegen geif et och gudd
ausgesinn
marker 21.12.2011 - 19:50
Merci ClaudeR, ..vill faarweges war hei leider net ze gesinn, alles zimlech monochrom, an en plus hun ech nun eemol eng Virléiwt fir S/W

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 276 Gäscht online