Fannen se vum Gesiichtsausdrock hir ganz flott, déck léif
Hätt d'Foto awer geschnidden, an zwar sou daat nemmen hatt mam Seel drop ass ouni d'Rumm vun der Schaukel well déi hei ménger Meenung no zimmlech stéiert.
Wann ech se eräusgeschnidden hett , hett ech een definitiven Kaliteitsverloscht gehaat , waat een hei net fill mee awer gemirkt hett !
Ech hun mer oofgewinnt Fotoen ze cropen as eng domm gewunntegt
Nee, also, no honnert Schaukelphotoen vu mengem Fratz wees ech dat et guer net einfach ass sou eng gudd hinzekréien an di heiten ass gudd. Mi enk cadréiert, jo, vläicht. Den Ausdrock, d'Freed quoi, dat ass de Glanz.
Ech gin mengen Firauteuren recht, Gesiichtsausdrock, super, obwuel alles schaarf ass, ass eng mental Beweegung dran (wéinst der Schaukel eeben).
Gin dem Minaa recht, et wier nach eng Drës besser gin wann een just d'Seeler gesin hätt, daat hätt d'Foto méi spektakulär gemeet, mee dann ass se am fong relativ Platt vun der Breed hier.
Daat mam Rack, do gin ech dem Maggele an dem olimi zwar Recht. Mee dorunner kanns du nix änneren.
Et deed mer leed , mee ech kann net vermeiden , wan loft geint hatt kent dan foto esou ze maachen dass den rack net ropflitt ( wuel verstaan , ech schwetzen vun deem nemleschten Kadrage ! )
Fannen dës Foto richteg gutt a si nët der Meenong, datt de Rack, deen an d'Luucht flattert, passt; et gëtt dem Bild niewt dem glécklechen Gesiichtsausdrock eng richteg Dynamik;