Ech hat dach geschriwwen ech wéilt d'Mitz nëmme virstellen.
Hues du schonns gesinn wat esou alles vun "Virstellungsbiller" op de Büroen vun eisen Personalcheffer lant, do ass dest awer elo esou e richteg schaaft Bild, an Sie ass esou gutt wéi agestallt
ok, ganz onrecht hues de net mà interessant sinn, wann's de Exife kucks déi 1600 ISO
Kloer, dat kann s de ëmmer schreiwen. 't ass awer méi nëtzlech wann s de dann och sees wisou s de d'Äntwert onpassend fënns, da kann ech drop reagéieren.
Ech well net dat dat elo perséinlech eriwwerkënnt !!
och hun ech kee Problem mat denger Ausso, dat dest keen usprochsvollt Bild ass. Mä muss en ëmmer Biller mat groussem philosopheschen Hannergrond oder en "VunDerKuchFalenEffekt" weisen.
Waat hei intressant war, waren d'EXIFEN 35mm makro an 1600 ISO, op déi keen agaangen ass, wat awer guer net schlëmm ass.
Ech sinn just verwonnert, dass ausgerechent Du den wann, ëmmer e korrekten anstännegen Kommentar hannerléisst, dech zu esou engem fir mech net
villsoendem Saaz hirappe léis.
Mach awer sinn dat ech dat, well ech just virdrunner den ganzen Threadt mat den konstruktive Kritiken gelies hat, dat méi sensibel opgeholl hunn.
Du selwer (bon de Comité schreifs dach, ech zitéieren elo nëmmen déi leeschte Saaz
@@@@ Schreift roueg är Iddien dobäi. Awer konstruktiv w.e.g. smile (<- E Smiley. Vum Gloda.)
Fir mech ass déin Ieweschte Sätz ganz ok, ... mä zesummen !!
mat dem doten Link -> Thread hei , ... schlecht ze verstoen.
Vläicht hunn ech zevill tëschent den Zeile stoe gelooss. Ech sinn vun dir Fotoen gewinnt wou een roueg zweemol kucken dierf iert een d'Essenz gesinn huet. Dofir huet déi do op mech (emsou méi) banal gewierkt. Ech hunn den Zweck vun der Foto net erkannt (einfach Fotoen vun sengen Hausdéieren ze weisen ass fir mech net de Sënn vu PG).
Du seess dass den Makro an d'Brennwäit der wichteg waren. Ech hunn awer nach net verstan wisou dass de dat ervir hiefs.
bon , jo meng schold ...
ech hat mat Kollegen (déi sech och wëllen déi nei Sucherkamera d'X100 vu Fuji kaafen) riets, dat ech e e puer Biller vun der Qualitéit, also ISO d'Schaerft asw esou gutt ewéi net verschafft, giff weisen.
De Grond virwat mer d'Brennwàit d'ISO anan wichteg war. Fir mech war et selbstverständlech, hätt et awer kennen a sollen ernimmen.
Mà ... so, ... ech därf awer Fotoen,Portäten vun mengen "Hausleit" weisen gëll ?? Du schwätz jo da mam Johny d'Rubrique Hausdéier erauszehuelen ?
(dat huet awer elo misse sinn )