Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Spekulatioun zersteiert Sozial

 
All Fotoen an dëser Serie:
23560 Thumbnail
23561 Thumbnail
23562 Thumbnail
23563 Thumbnail
23564 Thumbnail
Spekulatioun zersteiert Sozial
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.11.2011
  • Gekuckt:
    39129
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    38
  • Originaldatum:
    Dezeber 2010
  • Fotoapparat:
    Canon 1DMK4
  • Objektiv:
    24-105 f4
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=60399]
Kommentar vum Fotograf:
Den Armut bei de Kanner:
Zu Letzebuerg... 10-15 %
An den USA 18-20%
An den Usa, d'Liewenserwartungen sinn schrecklech deif verglach mat aaner entweckelten Laenner!
An Indien-Nepal ass bewisen gin dass den Armut d'Intellektiv Kapaziteiten vun den Kanner verschlechtert verglach mat den net Armen!...
Waat ass Chancengleichhét ? wann den Schicksal vun dénen Méchten Kanner ganz frei an ierem Liewen schon gezéchnet ass...
Awer!!! Akzepteiren mir dass all Sozial Virdéler dei mir ais errongen hunn ... geschwenn vun der Spekulatioun zersteiert get!
Net mengen dass mir hai an eisem SchlarafenLand geschuetzt sinn...
WAAT MAACHEN?
suraki 19.11.2011 - 23:38
eng fantastesch Serie Gennaro !
a wat machen .... weider Banken a Länner retten, dat Regierungen "erëm"
Suen hunn, fir géint Kannerarmut an eiser grousser Welt virzegoen sceptical
gtaddei1 19.11.2011 - 23:53
Stell dir mool fir Ed, China misst Europa Geld ginn, an Indien ass och angelueden ginn Bond (Staatsaktien) ze kaafen!
Aisen ganzen Sozialtissue gét futti ... d'SozialPolitik aus Europa ass am gangen vun den Spekulanten an den Dreck gezunn ze ginn!
Italien, Griechenland, ZBE (oder BCE) sinn all vun Goldman Sachs Kontrolleiert...
Wou gin mir hinn?


Merci fir de Fav Ed
suraki 20.11.2011 - 10:29
fir mech perséinlech déi bescht Streetserie, déi ech momentan hei gesinn hin, am den Thread entwéckelt sech och an déi Richtung
gtaddei1 20.11.2011 - 12:30
waat fir é thread?
suraki 20.11.2011 - 12:36
dësen hei closed_eye
gtaddei1 20.11.2011 - 13:08
Oké
Keup 19.11.2011 - 23:55
Flott Serie an déi lescht ass déi bescht.
gtaddei1 19.11.2011 - 23:59
Dei lescht huet mech kreischen gedoen... an daat ass elo net rethorik oder iwersensibiliteit ... dé beifchen ass einfach eppes fantastesches gewiecht!
Virundém hien sech fotografeieren gedoen huet ... huet ec^n sech arrangeiert an poseiert... an dourno hun mir eng gudd hallef stonn mat hom gespillt
Keup 23.11.2011 - 11:20
Dat sin Erfahrungen déis du nie waers vergiessen.

Hues et op jiddenfalls béis eriwwerbruet.
gtaddei1 23.11.2011 - 20:30
Dei vergesste net nemmen mé dei aenneren d'Liewen.
smile
Keup 28.11.2011 - 17:43
Ech hoffen awer am gudden.
gtaddei1 28.11.2011 - 19:49
Daat jo ... am Gudden
Keup 29.11.2011 - 13:36
Freet mech closed_eye
Olivier 20.11.2011 - 00:08
Dei lescht, wei schon gesoot gouf, dei bescht! Mee dei aaner dierf een och net an den schiet stellen!
gtaddei1 20.11.2011 - 01:59
Merci Olivier
JADE 20.11.2011 - 00:09
ët huet een wierklech vill Gléck oder nët, waat d'Chancen(on)gläichheeten ungeet, deemno wou een gebueren ass

waat machen?
och wann ech souwisou nët deen Optimist vun Natur aus sin, mengen ech, dass näischt (méi) ze machen ass, op jiderfall nët waat d'Chancenonglaichheeten op der ganzer Welt ungeet
dofir soen ech mir heiansdo, soll ech schon emol probéieren op d'Ongläichheeten direkt ronderëm mech opzepassen (autour de ma petite personne) an dorober reagéieren ... mee doen, machen ech ët nët oft genuch unhappy

zu den Fotoen, sie sin immens aussoend (fir daat waat ech dran gesin an léen)
ech kucken se gären och wann sie mech traureg machen (déi Kanner sin jo villäicht ganz frou/zefridden an hierem Liewen, an ech interprétéieren just ... mee trotzdem, cf eben d'Ongläichheeten zb waat Educatioun, Beruf, Hygiene, Basisconfort etc ungeet ... also éischter daat Materiellt, schlussendlech, waat awer och wichteg ass, oder deels ...)

wéi den Maxime soot:
http://video.mytaratata.com/video/iLyROoaftD2h.html

On choisit pas ses parents,
on choisit pas sa famille
On choisit pas non plus
les trottoirs de Manille
De Paris ou d'Alger
Pour apprendre à marcher
Etre né quelque part
Etre né quelque part
Pour celui qui est né
C'est toujours un hasard
....................
....................

Est-ce que les gens naissent
Egaux en droits
A l'endroit
Où ils naissent

Nom'inqwando yes qxag iqwahasa

Est-ce que les gens naissent Egaux en droits
A l'endroit
Où ils naissent
Que les gens naissent
Pareils ou pas

.............................


gtaddei1 20.11.2011 - 02:17
Merci villmools Jade fir dess Méi dei du dir ginn hues!

Ech wollt net dass des Fotoen trauresch maachen sollen.
Ewei du daat sés,,, Hygiène , Edukatioun, Confort minimal... Daat huet bewisen dass dei Parameteren do, wann present, duer gét dass é Peuple mei lang lieft.

Edukatioun?... ouni Edukatioun huet en Armen keng Chance fir manner Arm ze gin... och wann én den Armut net an Suen moossen geif. Et huet én Tendenz mei ze klauen, Agressiv ze sinn, an Onfréi... an dofir hun schlussendlech dei Arm Kanner och manner Rechter... cf Favellas, cf verschidden Famillen hai am Minett...
Enfin: Dei kreien emmer manner eng Chance fir aus dem Armut ze kommen well d'Suen d'Welt exclusiv dirigeieren waert... ouni Gesond Moral... ouni Leift! An mir waerten och gesinn dass an dénen naechsten Generatiounen daat Wuert do, Leift, nemmen am Wikipaedia stoen waert!
JADE 20.11.2011 - 02:30
ech soen mir och oft: quelle perte/gâchis pour le monde ... perte intellectuelle, professionnelle, etc ... all déi Kanner/Menschen déi an aaner Konditiounen all hier Kompetenzen hätten entdecken an ausliewen kënnen ... Schrëftsteller, Moler, Affekot, Bäcker, Journalist, Dokter, Elektriker, Fotograf, Sekretär, Designer, etc etc ... ët ass och deen Armut deen ech ongerecht fannen an deen mech och traureg mëcht unhappy
(zemols wann ech un déi denken, déi ët kéinten well sie d'Konditiounen hun, an déi ët nët machen well se den Sënn nët gesin, well sie ët nët méi schätzen kënnen well daat eng Selbstverständlechkeet gin ass Edukatioun gebueden ze kréien (idem fir Hygiene, fir Konfort, etc ...) )
gtaddei1 20.11.2011 - 22:07
Wengstens dei!
Sozialdenken, Solidariteit awer dei Richtesch! Emdenken fir nai Valeuren ze fannen dei mei de Mënsch an den Zentrum setzen!
Jeanny 20.11.2011 - 08:00
wat schei Fotoen Gennaro,
et ass net schéin op der Welt, an deen Welt bereest, geseet nach vill mäi Misère mat eegenen Aen.
gtaddei1 20.11.2011 - 12:39
Nu je esou miserable sinn dei Kanner nitt... mé Arm jo!
Et ass alles net negativ gemengt , well dei sinn en fin de compte mei zefridden ewei mein verwinten Schw...
Emmerhin , ech wollt den Akzent op aist Bankerealiteit setzen an op daat waat mir am gangen sinn hai an Europa ze Erliewen ... D'Zersteierung vum SozialStaat... cf Griechenland (dei hun keng Bicher mei an den Schoulen, 150000 Apparten zu Athen ze verkaafen well d'Famill net mei bezuelen kenn, Italien ... TVA op 23 %, Pensioun op 67 Joer, Haustax 3/1000, Spuenien... 5 Mio Aarbeschtlosen... Frankreich... gin an d'Haiser Iessen klauen...)
De Staat huet sech verschollt an dei ais Regeiert hun sinn Schold drun... mir werten och geschwenn drun glewen mussen
marker 20.11.2011 - 09:00
..eng staark Serie déi's de hei weis, wou hoffentlech jiddereen deen dës Biller kuckt versteet wat's du domadden wolt's ausdrecken..

..an awer, och hei gëtt ët Leit, 'flaicht net vill' wou genuch hun, an do passen d'Schlusszeilen vun dësem klengen Poème secherlech, an daat mecht mech rosen..

***

A tous les coins de rues, on les voit en haillons ;
Sous l'oeil brillant, mais inconscient de l'horizon,
Seul témoin permanent de leur vie de galère,
Ils quémandent du pain pour subsister sur terre
Quand leurs cris lourds de faim se perdent sans écho
En plein cour du néant, toujours sourd à leurs mots
Le fils de X, jette pourtant la poubelle
La moitie de son délicieux plat de sarcelle

Bal esou esou wéi dëss
Le cadeau

gtaddei1 20.11.2011 - 12:30
Jo dei Foto vum Miau ... ass meng Lieblingsfoto op den ganzen PG
An d'Gedicht ... ass genau daat ... dei eng verwüsten ieren Reichtum an dei Aaner gin et eropraafen an de Poubellen

Mé waat machen? Net nemmen Konstasteieren , waat machen?
Zersch 20.11.2011 - 18:44
4 an 5 fannen ech einfach nëmmen TOP ! ( 1-3 sin awer och nët ze verwerfen) closed_eye Bei der 4 , selten esou en Ausdrock an den Aaen gesin , bei der 5 as et einfach daat ganzt Gesiicht. Fantastesch , wann och leider traureg...
gtaddei1 20.11.2011 - 18:55
Et ass net daat waat trauresch ass... wann én ais kuckt ... daat ass trauresch! Mir hun aisen Wuelstand an mir sinn et am Gangen eweschgeholl ze kreien!
Zersch 20.11.2011 - 19:24
Ech verstin schon gudd waats du wëlls soen. Recht hues de , mais wei daat alles änneren ? DAAT as Fro...
Zora 20.11.2011 - 20:14
ze traureg fir eppes ze schreiwenunhappy
gtaddei1 20.11.2011 - 21:50
MA huelt daat net trauresch op... dei kanner sinn frou well sie alt net zefill verlangeren ...
jorsch 20.11.2011 - 21:06
Deng Biller, awer och deng Kommentare maachen nodenklech.
Wat maachen: Zumindest probéieren am perséinlechen Ëmfeld d'sozial Ongerechtegkeet net stillschweigend ze dulden!
Dat ass net vill an der grousser Welt. An awer hëlleft et sech net ganz ohnmächteg ze fillen, net ze resignéieren.
gtaddei1 20.11.2011 - 21:55
Sin denger Ménung, ech wollt des Biller net oplueden fir matléd ze provozeiren , just nemmen eppes fir iwer daat ze iwerléen waat de Moment an Europa geschitt...
Den Shantideva huet mir eng keier eng DVD geleint ... Zeitgeist... wou alles daat waat elo am gengen ass ze gescheien prfezeit ginn ass...
Mé dei grouss Kontradiktioun ass dass Indien , China , Brasilien ... gefroot ginn fir ais ze hellefen ... oder fir Suen an den Bankesyste ze stiechen... Mé do get engem Bewosst dass d'Suen an Indien an China produzeirt ginn , net fir daat Sozialt mé fir aaner Suen ze maachen... Weini kennen dei Arm Kanner wengstens d'Recht kreien normal ze Studeiren?
Oh do kenn én nach vill driwer diskuteieren ...
Merci
Abacab 20.11.2011 - 21:19
Wierklech ganz exzeptionell Fotoen, wou d'Kompositioun an de Bléck vun den Aen ganz déif blécken léist...Wat maachen? Dat ass eng ganz schwéier Fro...
gtaddei1 20.11.2011 - 22:04
Et ass och e schwieieren Problem
Doriwer nodenken an ewei den Jorsch sét ... Net resigneiert sin an beobachten waat den Zentralstaat Europa, China, USA , GB ... mat ais maachen wellen!
Ech mengen mir missten nés d'Sozialtdenken anfeiren... an net den Konsumismus ouni Grenzen... d'Valeuren vum Mensch nei entdecken... et ass villeicht elo oder nie!

http://en.wikipedia.org/wiki/List_of_banking_crises
Shantideva 20.11.2011 - 21:52
Déi Sozial Virdeeler waren jo och aus der Spekulatioun an aus der Ausnotzung vun deenen Aarmen entstanen. Mir kréien just d'Retourkutsch fir eisen Egoismus. D'Schlarafenland geet souwisou d'Bach erof wéi déi aner och. Wann et wéinstens een Schlarafenland wier. Et ass just duerch virtuell Gelder an Spekulatiounen op sengem wackelegen Been. Wat maachen? Elo ass et ze spéit...
Flott Serie... gefält mir ganz gutt.
gtaddei1 20.11.2011 - 21:57
Sinn frou dass des dir gefaalen ... an den Kontext wou ech dei gebrauch hun ... ech hun des Fotoen délokaliseiert smile
Elo ass et ze spéit... ech mengen daat och! Ausser ... ausser mir wiesselen de Rapport de Force! Dass ais Soziteit nés op Valeuren eriwer ginn ewei Arbescht an Sozial Gerechtechkét!

Ech hun dech gerad ziteiert

Den Herr huet der nach e puer vergiess...
Portugal
Spuenien
Deitschland
Frankreich
Italien
Spread, BTP, BUND, Spekulatioun, Euro, Eurozone, BCE ZBE, Schäubl, Monti, Draghi, Trichet, Goldman Sachs... An net mei... Kanner, Entwecklung vun der Kultur, Schützen vun der Kultur, Lieft...
Stell dir vir ... den CEI (d'Beschhéf vun Italien) hun den Monti dohinner gestallt fir d'Suen vun der Kierch och ze schützen ...
Maimonides 20.11.2011 - 23:31
Do ass een Turist an den Hôtel komm an hien wollt een Zëmmer gesinn. "100.- Euro als Garantie", sot deen an der Réceptioun, an ass mat him kucke gaangen. Nët direkt, mais nodeems hien ganz séier bäi de Schouster gelaaf war fir him seng Scholden vun 100.-Euro ze bezuelen. An de Schouster ass bäi de Schneider gelaaf well deen och do 100.- Euro Scholden hat. De Schneider bäi de Garagist, de Garagist bäi den Metzler, an deen bäi säin Meedchen, an dat an den Hôtel wou hatt och nach huet missen 100.-Euro zeréck ginn, wéinst dem Zëmmer. Dunn konnt dee Mann an der Réceptioun dëm Turist seng 100.- Euro erëm ginn.
Alles war bezuelt
a keen haat Eppes verluer.
gtaddei1 21.11.2011 - 11:32
An stell dir vir daat geschitt 1000.000 mool an 1 , nemmen 1 kann net zereckbezuelen... dei ganz Ketten faellt zesummen...
Shantideva 21.11.2011 - 13:43
Et geet alles sou séier, dass souguer d'Leit um Wikipedia net dozou kommen een update ze maachen. smile Awer dat war jo d'Lëscht vun den Bankenkrisen. D'Economesch Krisen sinn hei, an do fehlen Italien, Spuenien, Däitschland, etc. och nach. Dat sinn jo och nach keng "offiziell" Krisen. bigsmile
gtaddei1 21.11.2011 - 16:44
Oh italien... Fro mool aisen nationalen jean claude smile
Spuenien... 5000000 Arbeschtloser!
Frankreich... Subklinesch krisis... Et ward just op de richteschen Moment... See d Bourse
Daat get alles nach explosiv!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 390 Gäscht online