Kommentar vum Fotograf:
Villmols merci fier di vill Stëmmen.
Mat "Distanzreng" di tescht dem Boitier an dem Objektiv dropgeschrauft gett, konnt ech vill mi no un mäin Objet drun goen, ech war sou ca. 1-2cm virdrunner, daat war sou no/vergreissert, dass all klengen Zidderer rieseg Verwacklungen mat sech bruet huet, an well ech duerch di Reng och keng Blend mei konnt astellen war daat eng zimmlech ustrengend Fummlerei gin :D
Un der Foto selwer sin nemmen 2 kléng "Flecker" wegretoucheiert gin an soss ass jhust d'Rieserad nogeschaerft gin.
wann een gudd kuckt gesäit een och dass meng fräiwelleg Persoun eng Kontaktlens un hat, wou ech mech froen op do net nach eng besser Reflektioun ouni Lens haett kinnten erzielt gin.