Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

rout, weiss, blo.....

 
rout, weiss, blo.....
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.07.2011
  • Gekuckt:
    32862
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    1/60 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    Compulsory Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    825x534
  • Späicherplaz:
    273 KB
  • Originaldatum:
    2011:07:25 10:50:06
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Reptiler
2. Kategorie: Déieren »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=57688]
Kommentar vum Fotograf:
D' Thamnophis sirtalis tetrataenia ass leider schon seit ville Joeren stark virum Ausgestierwen bedroht... Hei eng Obnahm vun engem vu mengen schéinste Weibecher :)
nostromo 25.07.2011 - 14:37
Wahnsinnech schein smile
Jeffrey 25.07.2011 - 14:54
mercii bigsmile
Zora 25.07.2011 - 15:00
Du hues een ganzen Harem dovun? All Respekt fir deng Leidenschaft, schein Fotoclosed_eye
Jeffrey 25.07.2011 - 15:40
merci Zora,.. ja sou Déiercher sëtzen der nach e puer hei smile
nomihoudai 25.07.2011 - 15:06
Wisou ausgestuerf ?

1. Du hues jo nach een Déier fun da Art also as se net ausgestuerf an
2. Schreift all Internetsait di ech lo consulteiert hun datt d'Art stark gefährdt as mä net ausgestuerf
Jeffrey 25.07.2011 - 15:56
Hallo,
1-mat ausgestuerwen wollt ech soen, dass se an der Natuer ausgestuerwen sin...
wéis du schon soos... soss hätt ech io och keng closed_eye

2- 1966 goufen eng Reih vun Séien ze San-Francisco drëschen geluercht. Ugangs den '80 goufen dausenden vun Routbeenfreschen ëmmbruecht... (Se schmaachen anscheinend zimmlech gudd... ) den Haaptbëstandsdeel vum Fudder vun dëser Art.
1968 gouf d' T. s. tetrataenia dan schlussendlech als "staark bedroht" agestuuf.
2004 sin se suguer sou weit gaangen, dass d' Bevölkerung et huet misse mellen, wann se eng gesin hun...
No mengem leschte Stand hun se leider schon seit e puer Joer keng méi fond... (natierlech kann ech och net alles wëssen bigsmile)

Aus deem Grond gin ech staark dovunner aus, dass se ausgestuerwen sin, an sulaang keen mer de Contraire beweisen kann, behaapten ech daat och closed_eye
nomihoudai 25.07.2011 - 19:27
Hai fum Fish&Wildlife Bureau an Amerika publizeiert an am Abrell 2011 rauskomm:

http://www.fwspubs.org/doi/pdf/10.3996/012011-JFWM-009

D'Conclusioun fum Artikel as datt d'Populatioun, di nach existent as, an där greisst wi se lo as stabil bleift.
Jeffrey 25.07.2011 - 19:36
Ech liesen daat duerno mol duerch, en decke mercii closed_eye
Ech huelen zwar un, dass daat doduerch kënnt, well se io wëlles haaten, eng Reih Déieren aus Gefaangenschaft erem an d' Natuer auszesetzen... Daat gesin ech io dann elo,.. closed_eye
Merci
Schluck 25.07.2011 - 17:43
Ee wonnerscheint Déier an och eng ganz flott Photo
Jeffrey 25.07.2011 - 17:50
En decke mercii smile
Jeanny 25.07.2011 - 19:45
an si streckt eis Zong eraus smile ganz flott festgehalen jeff
Jeffrey 25.07.2011 - 19:53
merci Jeanny... irgendwéini no e puer honnert Fotoen huet een dann och endlech d' Zong erwëscht (;
Jeanny 25.07.2011 - 20:00
dat kann ech mir denken, et ass alles net sou einfach, och wann et oft einfach a normal ausgeseet
Maimonides 25.07.2011 - 20:28
Déck cool di do, Jeff.
Weess si dass si engt vun dengen schéinsten Weibercher ass?
Et kéint een bal mengen.
closed_eye
Jeffrey 25.07.2011 - 20:38
Ech wonneren mech och ëmmer erem,... normalerweis sin d' Männer ëmmer déi schéinsten,,, bigsmile
merci smile
suraki 25.07.2011 - 22:23
sinn ef gëftef ....??

...hu mef grad op d'Zong gebaf bigsmile
JADE 25.07.2011 - 22:32
pfffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffff ... bigsmile
g3ckko 26.07.2011 - 00:46
Scheint Deier. Ech froen mech grad wei dei do balzen
Jeffrey 26.07.2011 - 10:31
merci,
balzen maachen sie, andem se sech laanchteneen schlängelen vier sech ze stimuléieren. Se maachen dobei ruckartech Bewegungen...
Besser kréien ech daat lo net ausgedreckt bigsmile
g3ckko 26.07.2011 - 10:43
Merci, ech kann mer daat gutt virstellen. As e bessen esou wei bei mengen Phelsumen. Dei ruckelen och obeneen zou smile
Jeffrey 26.07.2011 - 10:52
Dann hues du io awer och flott Déiercher doheem setzen smile
gi87 10.11.2012 - 19:01
Flott deng Annaconda bigsmile Fannen Mimik hei genial smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 408 Gäscht online