Wanns du dat mat der Kupplung net dohin geschriwwen häss, dann hätt ech och net erausfonnt un wat een den Model erkennt. Souguer d'Schinnen sinn jo liicht raschteg. Excellent Aarbecht vun béiden Leit (Fotograf an Modellbauer). Hues du se express sou hell gemeet fir se méi naturgetrei duerzestellen?
Merci. Den Problem op Ausstellungen ass ëmmer Beliichtung. Do gëtt et Sonneliicht, déi duerch Fënster kennt, Neonsluuchten vun den Anlagen an oft nach zousätzlech Spotten, déi och nach un den Anlagen sinn...an ech hunn se sou hell, fir 1tens den Androck vun Sonn, an 2tens well d'Ausliichten um Modell selwer optimal soll sinn, dann kann mol d'Landschaft rondrëm bessen hell ginn.
Modeleisebunn...., wow, daat wär mir awer och elo net obgefall....!
Ech hat mech just gefrot firwaat den Himmel rieds esou vill Strukture huet.
Mee daat mat der Kupplung wär mir net obgefall.
Dei Beem, daat Gras dei Blummen..., voll realistesch
Merci gesot, jo den Hannergrond ass och ëmmer een Problem, mä et gëtt der ëmmer méi, déi fir den Hannergrond eng Foto benotzen, dann gesäit et nach besser aus.